D'Post vun Aasselbuer ass déi eelst bekannt Poststatioun vu Lëtzebuerg. Si gëtt an engem Postdokument fir d'éischt am Joer 1563 ernimmt.

Zanter Enn 2010[1] sinn am renovéierte Gebai en Hotel, e Restaurant an zwee ëffentlech zougänglech Muséeën ageriicht (de Musée des écritoires an e fréiere Klassesall). Den Domaine ass am Besëtz vun der Famill vum Léon Nilles.

Geschicht änneren

D'Aasselbuerer Post louch op engem Postwee dee vu Roum op Antwerpen goung. Dëse Postwee goung iwwer Florenz, Bologna, Innsbruck, Rheinhausen, Namouer a Bréissel bis op déi belsch Küst. Op dëser Streck waren ongeféier all zwanzeg Kilometer Wiesselstatiounen ageriicht. D'Statioune virun Aasselbuer ware Binsfeld, Nattenheim, Arzfeld, an Däitschland, an an der Belsch, Bourcy a Flamisoule.

D'Missioun vum Postmeeschter vun Aasselbuer war, fir den Transport an Direktioun Däitschland tëscht Aasselbuer an Arzfeld ze maachen. Déi Aasselbuerer Post ass vum Postmeeschter vu Bourcy/Michamps vun der Belsch aus beliwwert ginn.

D'Gebaier vun der fréierer Poststatioun bestinn nach ëmmer, wann och an engem ëmgeännerten Zoustand, an e Stroosseschëld mat der Opschrëft Am Posteck, erënnert un déi fréier Postaktivitéit zu Aasselbuer.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (c.m.), 2011. Auberge du Relais postal / Le Vieux Moulin d'Asselborn. Kultur-, Natur- und Erlebnistourismus. Luxemburger Wort vum 1. Mee 2011, S. 61.