Porte des Sciences

Strooss zu Esch-Uelzecht

D'Porte des Sciences ass eng Strooss am Universitéitsquartier, op der Héichuewenterrass um Belval an der Gemeng Esch-Uelzecht. Se leeft vum Boulevard Charles-de-Gaulle (N31) a Süd-Südwestlecher Richtung iwwer de Rond-point, beim nërdlechen Agank vun der Liaison Micheville, iwwer d'Kräizung vun der Porte de France mat der Place de l'Université. Duerno deelt se sech an zwou separat Pisten, fir an der Mëtt eng Entrée vun engem ënnerierdesche Parking Plaz ze loossen. Um T duerno stéisst se op d'Rue de la Fonte a béit do no riets of, fir nees bei der Porte de France erauszekommen. D'Verlängerung déi Säit der Porte de France ass de Boulevard des Lumières.

Porte des Sciences
Längt 600 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Suessem
Uertschaft Esch-Uelzecht
Bieles
Quartier Belval
Koordinaten (Ufank) 49° 30’ 31.0’’ N
      05° 57’ 00’’ O
Koordinaten (Enn) 49° 30’ 14.2’’ N
      05° 56’ 45.7’’ O

Geschicht änneren

D'Plaz gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz vum Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf, fir d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation ze bauen.

Gebaier änneren

D'Strooss läit tëscht der Maison des sciences humaines an der Maison du savoir.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Porte des Sciences – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren