Port-au-Prince (haitianesch Pòtoprens, spuenesch Puerto Príncipe) ass d'Haaptstad vun Haiti. Si läit am Golf vu Gonaïves an hat 2006 geschaten 1.275.000 Awunner (2,2 Milliounen, wann een d'Banlieue matzielt).

De Presidentepalais zu Port-au-Prince, ier e vum Äerdbiewen 2010 zerstéiert gouf.

Geschicht änneren

Port-au-Prince gouf 1749 vu franséische Zockerrouerplanzerte gegrënnt. 1770 huet et Cap-Haïtien als Haaptstad vun der franséischer Kolonie ofgeléist. 1804 gouf Port-au-Prince d'Haaptstad vum onofhängege Staat Haiti. 1861 gouf et Bëschofssëtz an 1944 gouf d'Université d'État d'Haïti gegrënnt.

Den 12. Januar 2010 gouf et um 16:53 Auer Lokalzäit e schwéiert Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,6 MW, dat grouss Deeler vun der Stad an e Koup gehäit huet, a méi wéi 217.000 Doudesaffer mat sech bruecht huet.

Verkéier änneren

Vu Port-au-Prince ginn 3 Haaptstroosse fort: D'Route Nationale 1 féiert vu Port-au-Prince aus op Cap-Haïtien am Norden. D'Route Nationale 2 verbënnt d'Haaptstad mat Les Cayes op der Tiburon-Hallefinsel. D'Route Nationale 3 verbënnt Port-au-Prince och mam Cap-Haitien, geet awer iwwer Mirebalais an Hinche.

Den internationalen Hafe vu Port-au-Prince, dee gréissten am Land, gouf beim Äerdbiewe staark beschiedegt. De Fluchhafen, nom Toussaint Louverture benannt, gouf 1940 ageweit an 1965 méi grouss gemaach. E läit 10 km nërdlech vun der Stad.

Kuckeswäertes änneren

Bekannt Gebaier waren de Presidentepalais (Palais National) an d'Kathedral vu Port-au-Prince, si goufen allebéid vum Äerdbiewe vun 2010 zerstéiert.


Commons: Port-au-Prince – Biller, Videoen oder Audiodateien