Porsche 356 Nr.1 Roadster

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sportsauto Porsche 356 Nr.1 Roadster war deen éischten Auto, deen den Numm Porsche hat. E war d'Konstruktiounsbasis fir de Porsche 356, den éischte Seriemodell vu Porsche.

De Porsche Prototyp am Porsche-Musée zu Zuffenhausen

De 17. Juli 1947 ass mat der Produktioun ugefaange ginn. Op e Stolgitterrouerchassis vun engem VW-Käfer krut de Prototyp eng Aluminiums-Karosserie, déi op der Hand geklappt war. Säi loftgekillte Véierzylinder-Boxermotor, dee vu 24,5 PS duerch Tuning op eng Leeschtung vu 35 PS héichgedréckt gi war, huet och aus dem Käfer gestaamt.

Um Spaweck änneren

Commons: Porsche 356 No. 1 Roadster – Biller, Videoen oder Audiodateien