Eng Pomme d'amour ass eng Schneekerei, déi a verschiddenen europäesche Länner, dorënner och Lëtzebuerg, op Kiermessen an um Mäertchen verkaaft gëtt.

Pomme d'amouren

Se besteet aus engem frëschen Apel, dee mat enger Couche Zockergoss iwwerzunn ass, dee meeschtens rout gefierft ass.

Fir se besser kënnen z'iessen, ginn d'Pomme-d'amouren op engem Bengel opgepickt verkaaft.