Eng Pólis (πόλις, Plural: póleis) war den antike griichesche Stadstaat (de.: Stadtstaat, fr.: cité-état). De Géigesaz vun der Polis war den Ethnos, de sougenannte "Stammesstaat".

D'Akropolis zu Athen.

Déi antik griichesch Stad war virun allem duerch eng zentral Plaz geprägt, d'Agora. Dës war de Mëttelpunkt vum sozialien, kulturellen a wirtschaftleche Liewen. Vun der Agroa ass e gläichméissege Stroossegrondrëss ausgaangen, dee sech u Rechtecken a Quadrater orientéiert huet. An der griichescher Stad gouf et eng kloer Trennung vu Funktiounen, dat heescht, déi eenzel Rechtecker goufen a Funktiounen agedeelt, zum Beispill als Wunngebitt, als Handelsgebitt, oder als Baufläch fir en Theater. Ëm d'Stad stoung eng Stadmauer, déi jee no Lag a Bedeitung vun der Stad ënnerschiddlech befestegt war.

Duerch d'Kolonisatioun gouf de griichesche Stadtyp an Egypten, un d'Schwaarzt Mier, op Sizilien, an Italien an a Südfrankräich gedroen.

D'Entstoen an de Charakter vun der Polis änneren

Ursprénglech war d'Polis eng befestegt Siidlung, déi méi héich louch[1], an ënner derem Schutz sech spéitstens am 8. Joerhonnert v. Chr. Siidlunge mat stätteschem awer och präurbanem Charakter entwéckelt hunn[2] Zu Athen gouf d'Wuert Polis nach bis an d'5. Joerhonnert v. Chr. als Synonym fir d'Akropolis benotzt[3] Hannergrond war wuel de Bevëlkerungswuesstum, deen am griichesche Raum zanter dem 8. Joerhonnert agesat hat, och den orientaleschen Afloss däerft eng gewësse Roll gespillt hunn[4] Déi eis geleefeg Bedeitung als "Gemengwiese vun engem Biergerverband" krut de Begrëff eréischt am Verlaf vun der archaiescher Epoch, wéi sech d'Polis zu der Form vu politescher Organisatioun entwéckelt huet, déi sou charakteristesch fir Griicheland an der zweeter Hallschent vum 1. Joerdausend v. Chr. war.

Mat der Grousser griichescher Kolonisatioun (zirka 750 - 550 v. Chr.) huet sech dësen Typus vun der Polis vum griichesche Mammeland iwwer d'Küste vum ganze Mëttelmier an dem Schwaarze Mier verbreet. Dëst huet dozou gefouert, datt sech de Kommunikatiounsraum, an deem d'Griichen hir Erfarungen ausgetosch hunn, erweidert huet, an an hire lokale Communautéite spezifesch Identitéiten entwéckelt hunn. Zugläich goung vun der griichescher Kolonisatioun warscheinlech e staarken Impus aus, sech an der Polis Institutioune fir eng Entscheedung ze treffen a Rechtspfleg ze ginn; méiglecherweis huet d'Entwécklung vun de griichesche Kolonien (gr.: Apoikien) och d'Constitutioun vun de Stied am Mammeland beaflosst. Spéider am hellenisteschen Zäitalter, waren d'Stied, déi den Alexander de Groussen a seng Nofollger, d'Diadochen, gegrënnt hunn, e wichtegt Mëttel an der "Helleniséierung" vum Alen Orient. An hellenistischer, réimescher a spéitantiker Zäit hunn déi meescht Poleis dobäi zwar hir politesch Onofhängegkeet verluer, sinn awer nach laang hallefautonom Gemengwiese bliwwen, a waren d'ekonomesch an administrativ Stäip vun den Diadocheräicher a vum Réimesche Räich.

Am griichesche Mammeland souwéi an de Koloniegebidder vun den Hellenen un de Küste vum Mëttelmier a vum Schwaarze Mier gouf et op d'mannst 1.500 Siidlunge vum Typ vun der Polis[5]

 
Tetradrachmen vu Catania, Sizilien.

D'Griichen hunn de Begrëff Polis awer net nëmmen op déi Gebidder beschränkt, déi si selwer bewunnt hunn, mä och aner Stied wéi Karthago oder Roum als Poleis bezeechent. Duerch d'geographesch Charakteristike vu Griicheland gouf d'Entstoe vu klenge politeschen Eenheete begënschtegt, déi sech als vëlkerrechtlech souverän Staate gesinn hunn. Dobäi gouf d'Polis an éischter Linn als eng "Communautéit vu Bierger" (gr.: koinônía tôn politôn) definéiert. De Charakter als Persouneverbandsstaat weist sech däitlech an der gewinnter Bezeechnung vun engem Staat no senge Bierger (gr.: hoi Athênaíoi, hoi Korínthioi, hoi Lakedaimónioi), an net nom Staatsgebitt (gr.: Athénai, Thébai). Déi meescht Poleis sinn un d'Ideal vun enger klenger Gemeng erukomm, wou jiddweree sech kannt huet, an ee sech einfach versammele konnt[6] De Platon ass vun enger Idealzuel vu 5040 Bierger als Grondbesëtzer a Verdeedeger vum Land ausgaangen[7]

Insgesamt kann een am Mëttelmierraum fir d'klassesch Zäit vu 700 Poleis ausgoen, déi eng Duerchschnëttsgréisst vu 50 bis 100 km² haten. Bewunnt goufe si meeschtens vun 2000 bis 4000 Mënschen. Argos hat am Verglach dozou eng Fläch vun 1.400 km². 626 Poleis sinn duerch Mënzen, literaresch Quellen oder Tributlëschte bekannt. Eist haitegt Bild vun enger Polis gëtt am Géigesaz zu der Wierklechkeet vun enger klenger Zuel vu wichtege Poleis bestëmmt, déi - wéi Athen a Sparta - allerdéngs selwer de komplette Géigesaz an hirem Charakter an an hirer Organisatiounsform waren. A spéiderer Zäit konnten eenzel Stied wéi Antiochia oder Alexandria och iwwer honnertdausend Awunner hunn, dat waren allerdéngs Ausnamen.

Vergläichbar Stadgemengen haten am Mëttelmierraum souwuel d'Phenizier (z. B. Karthago) wéi och d'Etrusker (z. B. Veii, Roum).

Politesch a gesellschaftlech Entwécklung änneren

 
De Periandros, Tyrann vu Korinth.

D'politesch Entwécklung vu ville Poleis schéngt no engem gemeinsame Muster verlaf ze sinn: zanter den homereschen Epen an dem Ufank vun der archaiescher Epoch vu Griicheland goufen d'Poleis vun enger Groussgrondbesëtzeraristokratie regéiert. Dës Aristokratie ass séier op Widderstand vum net-adelegen Demos gestouss, virun allem well de Gruef tëscht Aarm a Räich ëmmer méi déif ginn ass. Déi akut Kris vun der Adelspolis hu verschidden Adeleger ausgenotzt, fir sech als Tyrann un d'Spëtzt vu verschiddene Poleis ze putschen. Dës Zort vun der illegitimer Eenzelherrschaft hat, wéi d'Kritik vum Solon ëm 600 v. Chr. gewisen huet, och deemools schonn eng negativ Bedeitung. Spéitstens ëm 600 v. Chr. war d'Institutionaliséierung vun der Polis sou wäit fortgeschratt, datt sech dës als politesch handelnde Sujet gesinn huet[8]

Um Enn vun dësem Prozess stoung meeschtens eng Constitutioun, an där all Schwéierbewaffnet (Hopliten) als politesch berechtegt Bierger mat dem selwechten aktiven a passive Walrecht unerkannt waren, a politesch Aufgaben a Rotsgremien (Boulè) berode goufen, an an enger Volleksversammlung gestëmmt goufen. Wann och d'Mass vun de méi aarme Klengbaueren oder Leit ouni Grondbesëtz (Theten) wéinstens en aktiivt Stëmmrecht an der Volleksversammlung hat, sou wéi dëst zu Athen no de Reforme vum Solon 594/93 v. Chr. de Fall war, sou gouf no de Krittäre vum Aristoteles[9] eng Demokratie.

Opgrond vun den aussergewéinlechen Ëmstänn vun de Perserkricher huet sech Athen vun enger Landmuecht zu enger Séimuecht entwéckelt, wou d'Theten de Gros vun de Rudderer gestallt hunn, a mat hirer militärescher Bewährung an der Séischluecht vu Salamis 480 v. Chr. an den Expeditioune vun Attesche Séibond 478/77 sou vill politescht Bewosstsinn kruten, datt sech Athen 462/61 mat de Reforme vun Ephialtes a Perikles no der Entmuechtung vum Areopagos an dem passive Walrecht fir d'Theten zu enger radikaler Demokratie entwéckelt huet.

Mam Ausbroch vum Peloponnesesche Krich ass d'Welt vun der griichescher Polis an eng existenziell Kris gerutscht. Duerch d'Hegemonie-Uspréch vun de grousse Poleis koum et zu bal engem Joerhonnert vu permanentem Krich. Versich, op der Basis vun engem koiné eiréne, engem Allgemenge Fridden, zu enger dauerhafter Friddensléisung mat der Autonomie vun de jeeweilege Poleis ze kommen, sinn an der 1. Hallschent vum 4. Joerhonnert v. Chr. gescheitert. Um Enn hu sech all Poleis mat der Ausnam vu Sparta de makedoneschen a spéider réimesche Virherrscher erginn. D'Poleis sinn awer an hellenistescher wéi och a réimescher Zäit, bestoe bliwwen, a konnten eng lokal Autonomie a Fräiheet genéissen. D'Chrëschtentum huet am gesamten Imperium Romanum éischt Missiounszentren an dësen ale Stied fonnt[10]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hellenismus.

Charakteristike vun der Polis als Staatstypus änneren

D'Form vun der politescher Organisatioun, déi an der éischter Hallschent vum 1. Joerdausend v. Chr. sou typesch fir Griicheland war, hat zanter 600 v. Chr. follgend wichteg Charakeristiken opweises:

  • D'Bierger hunn d'Stad selwer regéiert an administréiert.
  • Autonomía: D'Striewen no Onofhängegkeet vu Bannen duerch eege Gesetzer an eege politesch Institutiounen.
  • Eleuthería: D'Striewen no Onofhängegkeet vu Baussen duerch d'Méiglechkeet, sech ze wieren, op Basis vun enger allgemenger Wehrpflicht. Och d'Ausrüstung huet misse selwer besuergt ginn.
  • Rechtsstaatlechkeet a Gläichheet vu jiddwerengem virum Gesetz.
  • Autarkia: Wirtschaftlech Onofhängegkeet vun den Haushalte vun den eenzele Bierger duerch Eegentum un enger Parzell Land (Kléros), wat si landwirtschaflech notze konnten, an domat d'Existenz vun de Famille sécherstelle sollten. D'Eegentum vu Grond a Buedem war prinzipiell ze verkafen, ze verlounen an ze verierwen. Fir déi antik Stad war d'Eenheet vum Zentrum vun der Stad an dem Land ronderëm (Chóra) am Géigesaz zu der mëttelalterlecher Stad konstitutiv.
  • D'Poleis haten ëffentlech Gebaier an eng zentral Versammlungsplaz (Agorá).
  • D'Poleis haten e spezifesche Kalenner.
  • All Polis hat eege Fester an Hellegtümer, well all Polis war och eng reliéis Communautéit mat enger Schutzgottheet[11]
  • Eege Suen (Mënzen) souwéi eng eegen Arméi a jee no Lag vun der Polis och eng eege Flott.
  • Nëmme männlech Erwuessener, déi vu Bierger ofgestaamt hunn, an zum Deel och bestëmmte Verméigensqualifikatiounen haten, hunn un der grousser Politik vun der Polis deelgeholl[12]

Ënnerdeelunge vun der Polis änneren

Schonn an der Ilias[13] war d'Arméi a Phylen a Phratrien ënnerdeelt. Den Homer huet domat op en neit Ënnerdeelungsprinzip vun der Polis vu senger Zäit (Mëtt 8. Joerhonnert v. Chr.) ugespillt. Mä d'Ufäng vun de Phylen a Phratrie si sécher méi fréi unzesetzen. Ursprénglech goufe si wuel nëmme vun den Ionier an Dorier benotzt, an hu sech am 8. Joerhonnert v. Chr. an déi meescht aner Poleis verbreet. Zuelen an Nimm vun de Phylen ("Stämm") hunn an de verschiddenen ionesche Stied wéi Athen, wat 4 Phylen hat (Geleontes, Aigikoreis, Argadeis an Hopletes) an an de Stied vun den Dorier wéi Sparta, wat dräi Phylen hat (Hylleis, Dymanes, a Pamphyloi) ufanks iwwerenee gestëmmt. Dëst deit drophin, datt sech d'Phyle schonn als Bestanddeeler vun dësen Ethnie virun hirer Wanderung an Ausbreedung etabléiert haten, an dann am Prozess vun der Entstehung vun der Polis zu den ieweschten Ënnerdeelunge vun de Poleis verwandelt hunn[14]

 
Ruine vum Bouleuterion vun Akrai, Sizilien.

Datt déi véier präkleisthenesch Phyle vun Athen aus engem Zesummeschloss vun de Phratrien ("Brudderschaften") ervirgaange sinn, gëtt vun der neier Fuerschung widderluecht[15] An der klassischer Polis huet den eenzele Bierger zu de verschiddenste Korporatioune gehéiert, dëst wäert an der Fréiphas vun der Polis net anescht gewiescht sinn. Regional Bindunge si géintiwwer vum personalen Zesummenhalt vun dëse Vereenegunge fréizäiteg an den Hannergrond geroden. Membere vu Phylen ("Phyleten"), déi hire Wunnsëtz an Attika gewiesselt hunn, sinn trotzdeem Member vun hirer aler Phyle bliwwen. Déi präkleisthenesch Phylen hunn och keng regional Sonnerrechter an Usproch geholl. Déi sougenannt Phylobasileis ("Phylekinneker") hunn hir Funktiounen am Numm vun der ganzer Polis ausgeübt[16] Well d'Phratrien a Phylen aus de verschiddene Schichte vu Fräien, Adelegen an Net-Adelegen zesummegesat ware, ass e Beweis dofir, datt déi archaiesch Polis keng "Geschlechterstad" war[17]

Déi ierflech Phylen-Zougehéiergkeet war an der Reegel d'Viraussetzung fir um Vollbiergerrecht deelzehuelen. D'Phylen, déi eng gläichgrouss Zuel vu Bierger respektiv Hopliten haten, hunn e wichtege Bäitrag zu der politescher, reliéiser, militärescher a kultureller Selwerorganisatioun vun der Polis geleescht. Phylen a Phratrien hunn am Prozess vun der Polisbildung integrativ gewierkt. Déi ëffentlech Aufgaben, déi dës Persouneverbänn am Kader vun der Organisatioun vum Communautéitsliewen als "Klenggesellschaft" an der Polis iwwerholl hunn, hu sech mat den zentrale Polisorganer ergänzt.

D'Demen ("Uertsgemengen") mam jeeweilege Wunnsëtz vun de Bierger als klengen natierlech Eenheeten hunn am Kader vun enger kommunaler Eegenadministratioun mat engem Buergermeeschter un hirer Spëtzt all ëffentlech Aufgabe vun de Phratrien iwwerholl: si hunn d'Persounestandsregister mat Gebuerts-, Bestietnes- a Stierflëschten administréiert, souwéi d'Lëscht vun de Vollbierger.

Sozial Gruppen an de Biergerbegrëff an der Polis änneren

D'Awunner vun der Polis ware Männer, Fraen, Kanner, Metöken, Periöken a Sklaven. Als Persouneverbandsstaat huet all Polis nëmmen déi vollberechtegt, volljäreg männlech Bierger ("Politen") als Deelhaber un der "Herrschaft" ëmfaasst, Fraen, Kanner, Metöken an Onfräi ware vum Vollbiergerrecht an domat vun der Bedeelegung un der Eegenadministratioun ausgeschloss. Wéi de Kleisthenes 508/507 v. Chr. déi zéng nei lokal Phylen an d'Demokratie an d'Liewe geruff huet[18], huet hien déijéineg formal aus de Phylen ausgeschloss, deenen déi gefuerdert familiär Hierkonft an/oder den dauerhafte Wunnsëtz gefeelt huet, an déi sou net als Member vun enger Deme registréiert konnte ginn. Domat huet d'Geschicht vun der Persounegrupp ugefaangen, déi Métoikos genannt gouf.

D'Metöken duerfte kee Grondbesëtz kafen, an hu misse reegelméisseg eng Kappsteier (Metoíkion) bezuelen: 1 Drachme fir en erwuessene Mann, eng hallef Drachme fir eng onofhängeg erwuesse Fra. Räich Metöke waren ausserdeem verflicht, als Hoplite Militärdéngscht ze leeschten. Um Ufank vum Peloponnesesche Krich hunn d'Metöke bei der Invasioun an d'Gebitt vun der Polis Megara 3.000 Hoplite gestallt[19] Virun allem de Militärdéngscht gouf vun de Metöken als grouss Laascht ugesinn. Déi meescht Metöken hunn Handel oder Handwierk bedriwwen, well si kee Land fir Akerbau kafe konnten.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Metöken an am Artikel Periöken
An alle griichesche Stied waren d'Bierger nëmmen e Brochdeel vun der Gesamtbevëlkerung vun der Polis.

 
Eng griichesch Fra mat engem Spigel. (Attesch Vasemolerei, zirka 430 v. Chr.)

Den Aristoteles, de berüümteste Metöke vun Athen, huet geschriwwen, datt nëmmen de Fräien (eleútheros) - an dat heescht fir d'griichescht Denken: deen, dee fräi vum Kaf iwwer dat Liewensnoutwännegt war, an en Haus hat - "Bierger" konnt genannt ginn[20]

D'Fraleit änneren

D'Fraen haten an der politescher Ëffentlechkeet keng Plaz. Nëmme Paschtéierinne konnte wichteg Positioune kréien. Soss stoungen d'Fraleit e Liewe laang ënner der Tutelle vun hirem Mann, oder wann dësen net do war, oder gestuerwen, ënner der Tutelle vun hirem Papp oder dem eelste Brudder. Frae konnten net duerch en Testament eng Ierfschaft kréien, a konnte sech hire Mann och net eraussichen. Fraleit haten nëmme seelen en eegene Besëtz, a waren sou materiell vun hirem Mann ofhängeg. Schutz virun hirem Mann konnt nëmmen déi eege Famill bidden.

An hirem Oikos, der Verwaltung vum Hauswiesen, an an der Erzéiung vun hire Kanner war d'Fra allerdéngs relativ fräi, a konnt eng grouss Bedeitung genéissen. Jee no Perséinlechkeet a Stand konnt si an der Lag sinn, sech hiren eegene Liewensberäich ze schafen.

 
Jonk Fra déi hir Ketten undeet, eng Sklavin hält hir eng Këscht. (Theben, zirka 430-410 v. Chr.)

Um Enn vum 5. Joerhonnert v. Chr. huet e philosopheschen Discours iwwer d'Stellung vun der Fra ugefaangen. De Platon huet a sengen Nomoi ëm 350 v. Chr. gefuerdert, datt d'Fraleit grondsätzlech misste gläichberechtegt sinn, an och eng Ausbildung sollte kréien[21] Mindestalter fir en Zeierecht viru Geriicht a fir d'Bekleedung vu Staatsämter sollt bei de Fraen 40, bei de Männer 30 Joer sinn[22] Männer sollte vun hirem 20. bis zu hirem 60. Liewensjoer wehrpflichteg sinn, Fraleit vun der Gebuert vun hirem éischte Kand bis zum 50. Liewensjoer, allerdéngs sollen d'Fraleit net iwwerfuerdert ginn[23] Dem Platon seng Iddie konnten deelweis zu enger Verbesserung vun de Rechter vun der Fra féieren, ouni datt sech hir grondsätzlech Stellung verännert huet.

Sklaven änneren

Déi ënnescht sozial Grupp waren d'Sklaven. Zu engem Sklav gouf ee meeschtens duerch Krichsgefaangeschaft oder Scholdkniechtschaft. Si hate keng Rechter, a ware komplett vun de Laune vun hirem Här ofhängeg. Déi Onfräi konnten eng zentral Stäip vun der Wirtschaft duerstellen, an zudeem eréischt déi zäitopwänneg politesch Flichte vun de Vollbierger erméiglechen. Berüümt-berüchtegt waren déi attesch Staatssklaven an de Sëlwerminne vu Laurion, déi ënner schwéiere Bedingunge gelieft hunn, an zu gläicher Zäit d'Finanzéierung vum Flottebauprogramm vum Themistokles 483 v. Chr. erméiglecht hunn. Fräiloossunge vum Sklavestand gouf et seelen. Wann dat virkomm ass, krute si de Status vu Metöken. Dëst huet déi negativ sozial Implikatioune verstärkt, déi mam Status vun engem Metök zu Athen verbonne waren.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sklaverei am ale Griicheland.

Literatur zum Theema änneren

  • Victor Ehrenberg, Der Staat der Griechen, Zürich-Stuttgart, 1965.
  • D. Roussel, Tribu et cité. Études sur les groupes sociaux dans les cités Grecques aux époques archaique et classique, Paräis, 1976.
  • Karl-Wilhelm Welwei, Die griechische Polis, Stuttgart, 1998.
  • Karl-Wilhelm Welwei a Mischa Meier (Ersg.): Polis und Arché. Kleine Schriften zu Gesellschafts-und Herrschaftsstrukturen in der griechischen Welt, Historia-Einzelschriften Bd. 146, Stuttgart, 2000.
  • Philippe Gauthier, "Les cités hellénistiques: épigraphie et histoire des institutions et des régimes politiques" in: Actes du VIIIe congrès international d'épigraphie grecque et latine, 3. – 9. Oktober 1982, Athen, 1984.
  • Raoul Lonis, La cité dans le monde grec, structures, fonctionnement, contradictions, Nathan Université, 2000.
  • Mogens Herman Hansen, Polis: An Introduction to the Ancient Greek City-State, Oxford University Press, 2006. (ISBN 0-19-920849-2)
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten änneren

  1. Vgl. Akropolis.
  2. Vgl. Homer, Ilias, 6,88 ; 20,52.
  3. Vgl. Thukydides, 2,15,3-6.
  4. Mat de Stadstaate vun de Phenizier haten d'Griichen enk Kontakter.
  5. K.-W. Welwei, "Polis" in: Der Neue Pauly 10, Sp. 22.
  6. Aristoteles, Politeia, 7, 1326 a 35 bis 1326 b 25.
  7. Platon, Nomoi, 5 737 d bis 738 a.
  8. R. Meiggs an D. Lewis (Ersg.): A Selection of Greek Historical Inscriptions to the End of the Fifth Century B.C., 2. Opl., 1988.
  9. Aristoteles, Politeia,2,9,1273 b,2,36 - 1274 a,4-5.
  10. P. J. Rhodes, "Polis II. Als politischer Begriff", in: Der Neue Pauly Bd. 10, 2001, Sp. 25.
  11. Zum Beispill d'Athena Polias fir Athen.
  12. P. J. Rhodes, op.cit., Sp. 23.
  13. Homer, Ilias, 2,362 f. an 9,63.
  14. B. Smarzyck, "Phyle" in: Der Neue Pauly 9, 2000, Sp. 983 an D. Roussel, Tribu et cité, Paräis, 1976.
  15. D. Roussel, op.cit., S. 193.
  16. K.-W. Welwei, Die griechische Polis, S. 56.
  17. M. Weber, "Die nichtlegitime Herrschaft (Typologie der Städte)", in: Wirtschaft und Gesellschaft. Grundriss der verstehenden Soziologie, Tübingen, 1972, S. 766.
  18. Herodot, 6,131.
  19. Thukydides, 2,31,2.
  20. Aristoteles, op.cit., 1277 a 21.
  21. Platon, op.cit., 781 A.
  22. Platon, op.cit., 937 A.
  23. Platon, op.cit., 785 B.