Poker ass eng Famill vu Glécksspiller, déi mat Kaarten ausgedroe ginn a bei deenen et d'Zil vum Spill ass, déi beschtméiglech Hand ze kréien.

Eng Partie Texas Hold'em

Allgemenges änneren

Hänn änneren

Variante mat der héchster Hand änneren

Bis op e puer Varianten (op déi am nächsten Abschnitt agaange gëtt), ass d'Zil beim Poker, déi héchst Hand ze kréien. Jiddwer Kaartekombinatioun huet eng Wäertegkeet, déi vu virera festgeluecht ass.

Royal Flush änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Royal Flush.

 

E Royal Flush besteet aus der Zaang, dem Bauer, der Damm, dem Kinnek an dem Äss vun enger Spillfaarf.

Straight Flush änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Straight Flush.

 

E Straight Flush si 5 Kaarte vum Kaartespill an der Rei an an der selwechter Spillfaarf. Den Äss kann als klengst Kaart an als gréisst Kaart benotzt ginn. Et kann awer kee Straight Flush iwwer den Äss eraus goen (Q-K-A-2-3 ass also kee Straight Flush). Beim Straight Flush zielt déi héchst Kaart.

Carré änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Carré.

 

E Carré, och nach Véierleng genannt, si véier Kaarte vun engem Wäert. Wann zwéi Spiller de selwechte Carré hunn, gewënnt de Spiller mat der beschter fënnefter Kaart.

Full House änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Full House.

 

E Full House ass en Drilling mat engem Puer. Wa béid Spiller e Full House hunn, gëtt gekuckt wien de besseren Drilling huet, duerno wien dat bessert Puer huet.

Faarf änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Faarf (Poker).

 

Eng Faarf, och nach Flush genannt, si fënnef Kaarte vun enger Spillfaarf déi net an enger Rei sinn. Beim Flush zielt déi héchst Kaart.

Strooss änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Strooss (Poker).

 

Eng Strooss si 5 Kaarten an enger Rei, mä net vun der selwechter Spillfaarf. Bei der Strooss zielt déi héchst Kaart.

Drilling änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Drilling (Poker).

 

En Drilling sinn dräi Kaarte vun engem Wäert. Wann zwéi Spiller en Drilling hunn zielt den héchsten Drilling. Wann zwéi Spiller de selwechten Drilling hunn, zielt déi héchst Bäikaart, duerno déi nächsthéchst.

Zwee Puer änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zwee Puer (Poker).

 

Zwee Puer sinn zweemol zwou Kaarte vum selwechte Spillwäert. Wann zwéi Spiller zwee Puer hunn, zielt dat héchst Puer. Wann dat dat selwecht ass, zielt dat zweethéchst Puer. Bei Gläichstand entscheet déi fënneft Kaart.

Puer änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Puer (Poker).

 

E Puer sinn zwou Kaarte vum selwechte Spillwäert. Wann zwéi Spiller e Puer hunn, zielt dat héchst Puer. Wa se d'selwecht sinn, ginn déi dräi aner Kaarte gekuckt.

Héchst Kaart änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Héchst Kaart (Poker).

 

Huet kee Spiller eng vun den uewe genannte Kombinatiounen zielt déi héchst Kaart.

Variante mat der niddregster Hand änneren

An der Variant Razz gewënnt déi niddregst Hand. Zil vum Spill ass et fënnef méiglechst kleng Kaarten ze kréien, ouni dobäi e Puer an der Hand ze hunn. Well Razz eng Variant vum Seven Card Stud ass, kritt de Spiller siwe Kaarten an d'Hand. Déi bescht méiglech Hand am Razz ass A-2-3-4-5, am Pokerjargon als Wheel(Rad) bezeechent. An de Variante Stud an Omaha Hold'em kann Hi/Low gespillt ginn, dat bedeit datt de Pot tëscht dem Spiller mat der héchster Hand("High Hand") an dem Spiller mat der niddregster Hand("Low Hand") opgedeelt gëtt. Wa keng niddreg Hand méiglech ass, kritt déi héchst Hand de ganze Pot.

Varianten änneren

  • Texas Hold'em
    • Texas Hold'em Limit,
    • Texas Hold'em No Limit
    • Texas Hold'em Pot Limit
    • Texas Hold'em Fixed Limit
  • Omaha Hold'em
    • Omaha Hold'em Hi Pot Limit
    • Omaha Hi/Low Pot Limit,
  • Seven Card Stud
    • Seven Card Stud Hi Limit
    • Seven Card Stud Hi/Low Limit
    • Seven Card Stud Low Limit (Razz)
  • "DeucetoSeven Lowball"
    • "DeucetoSeven" Single Draw
    • "DeucetoSeven" Triple Draw
  • Draw Poker
    • Draw Poker mat 5 Kaarten
  • HORSE
  • SHOE
  • "Chinese Poker"

Legalitéit zu Lëtzebuerg änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Poker – Biller, Videoen oder Audiodateien