Pluto (Mythologie)

griichesche Gott
(Virugeleet vu(n) Pluton)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem griichesch-réimesche Gott Pluto(n). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Pluto (Homonymie).

De Pluton (griichesch: Πλούτων (Ploútōn), Laténgesch och Pluto) ass an der griichescher a réimescher Mythologie de Gott vun der Doudewelt déif bannen an der Äerd.

De Pluto entféiert d'Proserpina (Albrecht Dürer, 1516).

En entsprécht gréisstendeels dem Hades. Och de Plutos, de Gott vum (ënnerierdesche) Räichtum, gouf him dacks gläichgesat. Ob a wéi déi dräi – den Hades, de Pluton an de Plutos – ursprénglech auserneegehale goufen, kann een haut kaum nach soen. De Platon zum Beispill mengt, de Pluton/Plutos wier duerchaus positiv unzegesinn, als deen dee Räichtum bréingt, iwwerdeems den Hades dee wier, deen der Doud bréngt, a wou kee sou kéng war fir säin Numm auszeschwätzen, an en dofir euphemistesch Pluton genannt gouf.[1] Een Ënnerscheed kann een awer feststellen: Am Géigesaz zum Hades gouf de Pluton zesumme mat der Demeter an der Kore kultesch veréiert.

An der laténgescher Literatur, absënns beim Ovid, ass de Pluto als der Proserpina (= griich. Persephone) hiren Entféierer bekannt.[2] Och bei de Réimer war de Pluto den Herrscher vun der Ënnerwelt, nodeems de Jupiter (griich. = Zeus) hirem gemeinsame Papp Saturnus (griich. = Kronos) d'Herrschaft iwwer d'Welt ofgeholl hunn a se mat sengen zwéi Bridder Neptunus (griich. = Poseidon) a Pluto gedeelt hat.

Referenzen änneren

  1. Platon, Kratylos 403a
  2. Ovid, Metamorphosen 5,341–571; Fasti 4,417–620