Plein d'essence

Film vun der Geneviève Mersch

Plein d'essence ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vun der Geneviève Mersch aus dem Joer 2007.

Plein d'essence
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 6. Juli 2007
Dauer 58 min
Ekipp
Regie Geneviève Mersch
Dréibuch Geneviève Mersch
Fotografie Jean-Louis Sonzogni,
Caroline Schuler,
Ricardo Besentini
Musek Jeannot Sanavia
Produzent Claude Waringo (Samsa Film)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat de 6. Juli 2007 Première am Utopolis. D'DVD koum am Dezember 2007 eraus.

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Aire de Berchem, op der Diddelenger Autobunn, ass déi vum Ëmsaz hir gréisst Bensinsstatioun vun Europa. Summer wéi Wanter, dagaus, dagan halen do Camionen an Autoen aus allen Himmelsrichtunge stall, fir den Tank voll ze maachen.

De Film weist d'Chaufferen, freet, wou se hier kommen a wou se hi wëllen, wat si vu Lëtzebuerg wëssen, asw. E geet och der Fro no, wéi déi Raschtplaz hanner de Kulisse funktionéiert: d'Leit déi do schaffen, d'Logistik, déi dohanner stécht...

Gielercher änneren

Bei der 3. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis gouf de Film als beschten Documentaire ausgezeechent.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren