Playmobil ass e System-Spillgezei vun der Firma Geobra Brandstätter GmbH & Co. KG, déi zu Zirndorf am Landkrees Fürth a Bayern hire Sëtz huet, an 1876 vum Andreas Brandtstätter gegrënnt gouf.

De Playmobil-Logo

An de Fofzegerjoren huet geobra bleche Spuerbéchsen a Kannertelefone fabrizéiert. De kommerziellen Duerchbroch koum mat der Produktioun vun Hula-Hoop -Reefer.

1974 gouf Playmobil op der Nürnberger Spillsaachenaustellung fir d'éischt virgefouert. Déi éischt Spillwelte waren Schantjen, Wëlle Westen an d' Ritterzäit. Eréischt 1976 koume weiblech Figuren dobäi, 1981 Kannerfiguren an 1983 Bëbeesfiguren.

Um Spaweck änneren

Commons: Playmobil – Biller, Videoen oder Audiodateien