Planetaresch Nomenklatur

D'Nomenklatur vum Planéitesystem oder d'planetaresch Nomenklatur ass de System fir eng wëssenschaftlech eendäiteg Bezeechnung vun Uewerflächestrukture vu Planéiten, Mounden a méi klengen Himmelskierper am Sonnesystem maachen ze kënnen. D'Zouweisung vun dëse Bezeechnunge läit zanter hirer Grënnung 1919 an den Hänn vun der IAU.[1]

Al Äerdmoundkaart mat net méi IAU-konforme Bezeechnungen (Andrees Allgemeiner Handatlas vun 1881).
Eng Kaart vum Planéit Mars opgezeechent vum Giovanni Schiaparelli, déi klassesch Albedofunktioune weist.

Methode vun der Nummzouweisung änneren

Soubal wéi et vun engem Himmelskierper éischt Biller gëtt, gëtt (meeschtens vun enger IAU-Aarbechtsgrupp) en Theema gewielt an en ettlech opfälleg Uewerflächestrukture kréien en Numm.

Am Uschloss ka jiddweree Virschléi fir weider Nimm maachen, déi vun der Aarbechtsgrupp dann diskutéiert ginn. Wann en Numm zum Theema passt, da gëtt e fir d'éischt emol zeréckbehalen. Soubal wéi méi héich opléisend Bildmaterial oder méi genee Kaarten do sinn da gëtt vun de bedeelegte Wëssenschaftler fir déi ënnersicht Uewerflächestruktur en Numm ugefuerdert. Aus de virgeschloenen Nimm gëtt dann e méiglechst passenden Numm erausgesicht an dee Virschlag gëtt dann un de Working Group for Planetary System Nomenclature (WGPSN), déi fir planetologesch Nomenklatur zoustänneg Aarbechtsgrupp vun der IAU, weidergeleet, wou den Numm nach eng Kéier diskutéiert gëtt. Wann de Virschlag an der WGPSN Zoustëmmung fënnt, gëllt en als "virleefeg unerkannt" (provisionally approved) a kann a Kaarten a Publikatioune gebraucht ginn. Zum Schluss ginn déi virleefeg Nimm nach vun der Generalversammlung vun der IAU bestätegt. Duerno ass den Numm "offiziell ugeholl" (adopted).

IAU Reegelen a Konventiounen änneren

Fir déi vun der IAU akzeptéiert Nimm gëtt et eng Rei vu Reegelen a Konventiounen, déi sech am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn:

  1. D'System vun der Nomenklatur sollt an éischter Linn einfach, kloer an eendäiteg sinn.
  2. Strukture mat enger Ausdeenung vu manner wéi 100 m kréien nëmmen dann en Numm, wa si vun aussergewéinlechem wëssenschaftlechen Interessi sinn.
  3. Nimm sollten net iwwer wëssenschaftlech Erfuerdernesser eraus vergi ginn, fir hir Zuel méiglechst kleng ze halen.
  4. Méifachgebrauch vun engem Numm sollt ënnerlooss ginn.
  5. Déi gebraucht Nummform ass déi vun der Urspronkssprooch. Eng Ëmschrëft gëtt zwar uginn, ass awer net den offiziellen Numm.
  6. Souwäit et méiglech ass, sollte geschichtlech etabléiert Konventioune beuecht ginn.
  7. D'Benennung sollt international ausgeglach sinn. An der Géigend vum Landepunkt vun engem Raumfluchkierper ass en Iwwergewiicht vun Nimm aus dem betreffende Land resp. Kulturkrees akzeptabel.
  8. Nimm, déi haut nach vu politescher, militärescher oder reliéiser Bedeitung sinn, ginn net akzeptéiert.
  9. D'Benennung no Persoune gëtt et nëmmen als Éierung vun international unerkannte Perséinlechkeete vu bleiwender Bedeitung. Déi Betreffend mussen zanter op d'mannst dräi Joer dout sinn. Wann ënnerschiddlech Schreifweise vun engem Persounennumm existéieren, gëtt déi ugeholl, déi déi betraffe Persoun am léifsten hat.

Bezeechnunge fir Uewerflächestrukturen änneren

D'Nimm vun alle planetare Strukture bestinn am Allgemengen aus enger Strukturbezeechnung (z. B. Sinus) an deem eigentlechen Numm (z. B. Iridum, also Sinus Iridum"Reebou-Bucht"), ausser bei Krateren, bei deenen d'Strukturbezeechung implizit ass a bei en ettlech kuerzliewege Strukturen, beispillsweis op de Mounden Io an Triton.

Bezeechnung, Méizuel Bedeitung[2] Beschreiwung Code[3]
albedo feature e Gebitt dat duerch Ënnerscheeder vun der Uewerflächenhellegkeet bestëmmt gëtt. AL
Arcus, Arcus Bou boufërmeg oder gekrëmmt Strukturen, zurzäit sinn d'Hotei Arcus um Titan bekannt. AR
Astrum, Astra Stär radialsymmetresch Strukturen op der Venus AS
Catena, Catenae Ketten eng Kette vu Krateren CA
Cavus, Cavi Hiel, Lach déif, onreegelméisseg geformt Ofsenkung oder Grupp vun Ofsenkungen CB
Chaos Urmass ouni Form Gebitt mat onreegelméissegem, rauem Terrain CH
Chasma, Chasmata Äerdspléck, Kloft déif, laanggezunne Spléck oder Kloft CM
Colles (Mz.) Hiwwel Grupp vu klengen Hiwwelen. CO
Corona, Coronae Kranz, Kroun oval oder rankfërmeg Struktur, déi keen Aschlagkrater ass CR
Crater, Crateres Waasserbaseng, Vulkankrater bal kreesfërmeg Struktur, déi méiglecherweis en Aschlagkrater ass AA
Dorsum, Dorsa Réck (la: ursrénglech vun engem Déier) Biergréck DO
eruptive center aktive Vulkan um Io ER
Facula, Faculae kleng Fakel helle Fleck FA
Farrum, Farra Pancake dome flaach Struktur déi engem Paangech gläicht oder Grupp vun änleche Strukturen FR
Flexus, Flexus Bou, Krëmmung flaach, gekrëmmt Struktur FE
Fluctus, Fluctus Well mat Vulkangestengs iwwerstréimt Fläch FL
Flumen, Flumina Floss laanggestreckt, kanalaarteg Strukturen um Titan FM
Fossa, Fossae Gruef laang, schmuel a flaach Basengen FO
Insula, Insulae Insel isoléiert Gebitt an enger mat Flëssegkeet bedeckter Regioun (eenzeg Struktur vun dësem Typ ass d'Mayda Insula um Titan) IN
Labes, Labes Äerdrutsch Schottermaterial aus enger Rutschung, Schotterkegel (nëmmen um Mars) LA
Labyrinthus, Labyrinthi Labyrinth Gebitt mat Däller a Récker déi sech iwwerlageren a schneiden LB
Lacus Séi kleng Flächen um Äerdmound an um Mars, mat Flëssegkeet bedeckt Regioun um Titan LC
landing feature Ëmgéigend vun de Landeplazen vum Apollo-Programm um Äerdmound LF
large ringed feature rankfërmeg, agesackt Strukturen LG
Lenticula, Lenticulae Lëns kleng donkel Flecken um Europa LE
Linea, Lineae Linn donkel oder hell, laang, dënn Struktur LI
Macula, Maculae Fleck donkelen, eventuell onreegelméissege Fleck MA
Mare, Maria Mier grouss, bal ronn Fläch ME
Mensa, Mensae Dësch Plateau mat schaarf offalende Ränner MN
Mons, Montes Bierg Bierg resp. an der Méizuel Biergzuch oder Bierger MO
Oceanus Weltmier ganz grouss, donkel Gebidder (nëmmen um Äerdmound) OC
Palus, Paludes Mouer kleng Fläch um Äerdmound an um Mars PA
Patera, Paterae flaach Schuel onreegelméissege Krater PE
Planitia, Planitiae Fläch, Plang Fläch déi méi déif läit PL
Planum, Plana Fläch, Plateau Héichfläch oder Héichplateau PM
Promontorium, Promontoria Promontoire Biergvirspronk op enger Fläch um Äerdmound PR
Regio, Regiones Gebitt grousst, duerch Faarf oder Hellegkeet ofgesat Gebitt oder allgemeng en ausgedeent Gebitt RE
Reticulum, Reticula Netz netzaarteg Strukturen op der Venus RT
Rima, Rimae Rëss, Rëtzer déif ageschniddennen Dall oder Spléck um Äerdmound RI
Rupes, Rupees Klipp Rampli oder Ramplistuf RU
satellite feature no enger Nopeschstruktur benannt Struktur, woubäi e grousse Buschtaf un den Numm gehaange gëtt (kuckt z. B. Mösting A) SF
Scopulus, Scopuli Klipp Fielsvirspronk, Ausleefer mat Ramplistuf SC
Sinus Bucht vun engem boufërmegen Hiwwel begrenzt kleng Fläch SI
Sulcus, Sulci Gruef, Offloss parallel verlafend Grief- an Offlossstrukturen SU
Terra, Terrae Äerd, Land ausgedeent Gebitt TA
Tessera, Tesserae kleng Fläch, Plättchen polygonal geglidderten Terrain op der Venus TE
Tholus, Tholi Kuppeldach vun engem Tempel kleng, doumaarteg Hiwwelen TH
Undae Wellen Dünefeld UN
Vallis, Valles Dall flaach Däller VA
Vastitas, Vastitates Wüst ausgedeent Fläch (am Ament nëmmen d'Vastitas Borealis um Mars) VS
Virga, Virgae faarweg Sträifen an de Faarwen ofgesat, längelzeg Struktur VI

Literatur änneren

  • Ronald Greeley, Raymond M. Batson: Planetary Mapping. Cambridge University Press 1990, ISBN 052103373X
  • E. A. Whitaker: Mapping and Naming the Moon: A History of Lunar Cartography and Nomenclature. 1999, ISBN 0-521-62248-4

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. History of Planetary Nomenclature
  2. Laténgesch Wuerzel
  3. Deen an der IAU-Datebank gebraucht Bezeechnung fir en Typ vu Strukturen, kuckt Descriptor Terms.