Plan incliné vu St.Louis/Arzviller

De Plan incliné vu St.Louis/Arzviller ass e Schëffslift am Marne-Rhäin Kanal, deen et Schëffer erlaabt, d'Vogesen z'iwwerwannen. De Plan incliné ass um Terrain vun de Gemenge Saint-Louis an Arzviller am franséischen Departement Moselle.

Den Trach vun uewe gesinn

Den Niveausënnerscheed vu 44,55 Meter, fir dee fréier 17 Schleisen néideg waren, konnt vun 1969 u mat engem Lift geléist ginn.

En eezelnen Trach mat enger Längt vun 41 m, enger Breet vu 5,2 m an enger Waasserdéift vun 3,2 m transportéiert e Schëff bannen 20 Minutten op engem Hank vun 41 % erop oder erof. Well den Trach uewe méi voll geluede gëtt a vun zwee Kontergewiichter vu 450 Tonnen gehale gëtt, ass d'Energie, déi néideg ass op e Minimum reduzéiert.

Dëse Modell vu Lift ass eenzeg an Europa, well de Schëffskierper am rechte Wénkel zu der Ramp steet, déi eng Längt vun 108,65 m huet.

De Plan incliné ass en Touristemagnéit mat iwwer 140.000 Visiteuren am Joer, bei deem déi Couragéiert matfuere kënnen, an ënne mat engem Touristenzichelche matgehol kënne ginn.

Kuckt och änneren

Lëscht vun de Schëffslifter

Um Spaweck änneren

Commons: Plan incliné de Saint-Louis-Arzviller – Biller, Videoen oder Audiodateien