Planéitesimale sinn d'Virleefer an d'Bausteng vu Planéiten.

Kënschtleresch Duerstellung vu Planéitesimaler

D'Bezeechnung Planetesimal gouf 1904 vum US-amerikanesche Geolog Thomas Chrowder Chamberlin agefouert. Hien hat d'Wuert aus planet an infinitesimal (op onendlech kleng zougoen) gekräizt.

Planéitesimaler forme sech duerch Akkretioun, e Prozess, bei deem sech mikroskopesch kleng Stëbsdeelercher vun der Akkretiounsscheif vun engem spéidere Planéitesystem (wéi zum Beispill am Sonneniwwel, dem Virleefer vum Sonnesystem) zu gréissere Partikelen zesummeballen. Wa sou Deelercher mat niddreger Vitess zesummestoussen, da verkliewe si wéinst cheemeschen Adhesiounen oder Uewerflächenhaftung mateneen. Kierper, déi op déi Aart a Weis zu engem Duerchmiesser vu bis zu engem Kilometer ugewuess sinn, bezeechent een als Planéitesimaler.

Fir hiert weidert Wuessen ass an éischter Linn d'Gravitatioun verantwortlech. D'Kierper sammelen nëmme kleng Quantitéite Stëbs un, verbanne sech awer mat anere Planéitesimaler zu méi groussen Objeten. Wann eng bestëmmt Mass erreecht gouf, ginn déi eenzel gebonne Planéitesimalkéip duerch d'Gravitatioun zu engem eenheetlechen Objet zesummegepresst. Bei genuch Mass gëtt de Kär opgehëtzt a gëtt uschléissend flësseg. Planéitesimaler enthalen op d'mannst Eisen-Siliciumoxiddichromokarbonate a sinn domat vu gréisster Bedeitung fir d'Bildung vu Planéiten, besonnesch vun deenen déi der Äerd gläichen.

Computersimulatiounen hu gewisen, datt de Prozess vum Zesummenformen an engem relativ kuerzen Zäitraum geschitt. An nëmmen 100.000 Joer konnte sech d'Planéitesimaler vum fréie Sonnesystem zu planetare Kierper vun der Gréisst vun eisem Äerdmound oder vum Planéit Mars entwéckelen.

Den T. C. Chamberlin hat am Joer 1900 mat dem US-amerikaneschen Astronom Forest Ray Moulton eng Theorie opgestallt, no där sech de Planéitesystem aus Material geformt hat, dat e Stär bei engem noe Kontakt mat der Sonn duerch Gezäitekraaft lassgerappt hätt. Dës Chamberlin-Moulton-Theorie ass haut iwwerlieft. Si gëtt och als Planéitesimalhypothes bezeechent.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie