Eng Pirogg (russ: пирог, ukr. пиріг) ass eng Zort osteuropäesche Kuch, mat entweeder enger séisser oder enger gehäerzter Fëllung.

Fëschpirogg

Pirogge si meeschtens aus Hiefdeeg, mä si kënnen och aus Mierf- oder souguer Bliederdeeg bestoen. An hir séiss Variant kommen entweeder Friichten (z. B. Äppel, Quetschen oder verschidde Bieren) oder dréchekärege Stoffi, an an hir gehäerzte Variant Fleesch, Fësch, Champignonen, Kabes, Gretschnewaja Kascha oder klenggeschniddene Gromperen. Si sinn entweeder ganz iwwerbak oder deelweis op, soudatt een op d'Fëllung luusse kann.

Ganz beléift si se a Russland an a villen anere slawesche Länner, wou se als Entrée, Haaptplat oder Dessert giess ginn.

Am Russeschen heescht "pirog" haut gemenkerhand souvill wéi Kuch, den dovun ofgeleeten Diminutiv "Pirojok" bezitt sech dogéint op de bekannte klenge Paschtéitesnack, deen am däitsche Sproochraum fälschlerweis och alt emol als Pirogg betitelt gëtt. Déi polnesch "pierogi ruskie" gëtt et an der Ukrain, Russland an a Wäissrussland tatsächlech, mä do ënner dem Numm Wareniki. Eng méi eng kleng, awer dofir ëmmer mat Fleesch gefëllte Form vun de Wareniki sinn d'Pelmeni, déi bal wéi eis Ravioli sinn.