Pirate Parties International

Pirate Parties International (PPI) ass déi international politesch Beweegung vun de Pirate Parteien. Si ass formell am Joer 2010 op der PPI Konferenz zu Bréissel gegrënnt ginn.[1]

██ Offiziell agedroe Piratepartei ██ Activ, awer net agedroe Piratepartei ██ Diskutéiert an der PP-International ██ Keng Piratepartei
██ Member vu Pirate Parties International ██ Actif Piratepartei, mä net Member vu PPI

Ziler änneren

D'Statute vu PPI[2] ginn hir Ziler als:

hëllefen Pirate Parteie ronderëm d'Welt ze grënnen, z'ënnerstëtzen a bekannt ze maachen, an d'Kommunikatioun an d'Zesummenaarbecht tëscht deene Parteien z'erméiglechen.

D'PPI huet och als Zil d'Piratebeweegung bekannt ze maachen, ze verbreeden an ze vereenheetlechen duerch Koordinatioun, Deele vun Informatiounen, an Hëllef bei der Grënnung vun neie Pirateparteien.[2]

D'Partei strieft duerno Gesetzer iwwer d'Auteursrecht a Patenter ze reforméieren. De Programm enthält och Ënnerstëtzung a Stäerkung vum Recht op d'Privatsphär, souwuel um Internet wéi och am res extensa (am "richtege Liewen"), an d'Transparenz vun de staatleche Verwaltungen.

Geschicht änneren

Déi éischt Piratepartei war déi schweedesch Piratpartiet, déi den 1. Januar 2006 vum Rick Falkvinge gegrënnt gouf. Aner Pirateparteien a Gruppen goufen an Éisträich, Dänemark, Finnland, Däitschland, Irland, Holland, Polen a Spuenie gegrënnt. Am Joer 2007, si Vertrieder vun deene Parteien zu Wien (Éisträich) zesummekomm fir eng Allianz ze grënnen a fir d'Europawalen 2009 virzebereeden.[3] Duerno waren nach sou Konferenzen 2008 zu Berlin an zu Uppsala. Déi zweet Konferenz huet dann zu der sougenannter "Uppsala Declaration" gefouert, engem Grondwalprogramm.[4]

Am September 2008 ass den Andrew Norton (Vereenegt Staaten) zum Coordinateur fir d'PPI-Grupp ernannt ginn. Am August 2009 ass hien zeréckgetrueden[5] an huet seng Funktioun un ee "coreteam" viruginn, dee vum Patrick Mächler a vun Samir Allioui geleet gouf. Wéi de Patrick Mächler am Mäerz 2010 zeréckgetrueden ass huet de Lëtzebuerger Jerry Weyer seng Plaz iwwerholl.[6]

Am Joer 2009 huet déi original schweedesch Piratepartei an den Eurpowalen 7.1 % vun de Stëmme kritt [7], a krut 2 vun den 18 schweedesche Sëtz kritt. Deen Erfolleg koum wéinst engem Memberszouwuess nom Prozess an der Verurteelung am Joer virdru vun 3 Membere vun der ideologesch noer Pirate Bay.[8]

Den 18. Abrëll 2010 gouf d'Pirate Parties International formell op der PPI Konferenz gegrënnt.[1]

De 17. Januar 2011 ass de Slim Amamou, een Aktivist vun der Tuneesescher Piratepartei, zum Staatsekretär fir Jugend a Sport an der Tuneesescher Regierung ernannt ginn[9],[10],[11] a schonn de 25. Mee nees vu senger Positioun zeréckgetrueden. Hie sot datt seng Missioun eriwwer war soubal wéi d'Land demokratesch Wale geplangt hat.[12]

Bei de Berliner Landeswalen am September 2011 huet d'Piratepartei 8.9 % vun de Stëmme kritt, an domat hir éischt Sëtz an engem Staatsparlament iwwerhaapt.[13]

Struktur änneren

D'PPI gëtt vun engem Comité verwalt dee sengersäits vun zwéi Kopresidente geleet gëtt.[14] Politik, Leedung a Memberschaftsdemandë falen ënner d'Verantwortung vun der Generalversammlung, déi op d'mannst eemol d'Joer zesummekomme muss.[15]

PPI Comitée bis haut
Waldatum Kopresidenten Haaptverwalter Chef-comptabel Comitésmemberen
18. Abrëll 2010 Gregory Engels, Jerry Weyer Joachim Mönch Nicolas Sahlqvist Jakub Michálek, Bogomil Shopov, Aleksandar Blagojevic
13. Mäerz 2011 Samir Allioui, Marcel Kolaja Lola Voronina Patrick Mächler Finlay Archibald, Thomas Gaul, Paul Da Silva

Weltwäit Pirateparteiebeweegung änneren

Baussent Schweden goufe Pirateparteien a 40 Länner gegrënnt[16], inspiréiert vun där schweedescher Initiativ.

Um Spaweck änneren

Commons: Pirate Parties International – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Den internationale Pirat ass gebuer
  2. 2,0 2,1 Statute vu Pirate Parties International Gearchiveerd op 2019-02-24. Gekuckt de(n) 2011-11-30.
  3. Pirate begéine sech bei der éischter internationaler Pirateparteikonferenz
  4. The Uppsala Declaration or European Pirate Parties Declaration of a basic platform for the European Parliamentary Election of 2009
  5. Signing off
  6. Patrick Mächler steps down - Jerry Weyer Steps up! Gearchiveerd op 2015-07-16. Gekuckt de(n) 2011-11-30.
  7. Swedish pirates capture EU seat
  8. Election: Can Pirate Party UK emulate Sweden success?
  9. Turmoil in Tunisia: As it happened on Monday
  10. Arrested Pirate Party Member Becomes Tunisian State Secretary
  11. Dissident blogger enters new Tunisian governmen Gearchiveerd op 2011-01-21. Gekuckt de(n) 2011-11-30.
  12. Tunisian minster quits
  13. Shiver me timbers! Pirate Party wins 15 seats in Berlin parliamentary elections
  14. Pirate Parties International Statutes, Article XIII.
  15. Pirate Parties International Statutes, Articles IX - XI.
  16. Piratenpartij presenteert verkiezingsprogramma Gearchiveerd op 2011-09-28. Gekuckt de(n) 2011-11-30.