Pieter van den Keere

belsche Kofferstiecher an Editeur

De Pieter van den (oder van der) Keere, och Peter Kaerius, gebuer am Joer 1570 zu Gent an och do am Joer 1630 gestuerwen, war e belsche Kofferstiecher an Editeur.

Grenzverlaf vum Herzogtum Württemberg am Ufank vum Drëssegjärege Krich. Kaart vum Pieter van den Keere

Liewen a Wierk änneren

De Pieter van den Keere gouf 1570 als Jong vum Buchdrécker a Schrëftgéisser Hendric van den Keere dem Jéngsten zu Gent gebuer. Wéinst de reliéisen Onrouen a Verfollgunge goung hien op London, wou hien eng Schaff als Kofferstiecher fonnt huet.

Seng éischt Stéch sinn am John Norden senger "Speculum Britanniae" (1593) ze fannen, dorënner Vueë vu London an der Westminsterabtei aus der Vulleperspektiv. 1596 koum de Van den Keere an Holland zeréck an huet sech zu Amsterdam niddergelooss, wou hie bis zu sengem Doud gelieft a geschafft huet.

Nieft senger Aarbecht als Kofferstiecher war hie vu 1609 un och Editeur. Sou huet hien ë. a. 1613 e puer Globen un d'Rotterdamer Admiralitéit geliwwert. 1617 huet hien den hollänneschen Atlas Germania inferior publizéiert, mat sengem Numm als Auteur a mat eegene Kaarten. Nieft verschiddenen topographeschen Eenzelblieder ë. a. vun Amsterdam (1618), Nürnberg (1619) an dem Herzogtum Württemberg (1619) huet de Van den Keere 1621 eng Weltkaart gestach, d'Nova totius terrarum orbis, déi beim Jan Janszoon zu Amsterdam erauskoum.

No 1620 schéngt et, wéi wann hien e grousse Kofferstéchhandel bedriwwen hätt.

Hien ass 1630 zu Gent gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Pieter van den Keere – Biller, Videoen oder Audiodateien