Pierre Marie Jérôme Trésaguet

franséische Stroossebauingenieur

De Pierre Marie Jérôme Trésaguet, gebuer de 15. Januar 1717 zu Nevers, a gestuerwen zu Paräis am Joer 1796 war en Ingenieur deen a Frankräich als den éischten Ingenieur gëllt, deen ëm 1760 de Stroossebau vun der wëssenschaftlecher Säit hier ugaangen ass.

Pierre Marie Jérôme Trésaguet
Gebuer 15. Januar 1716
Nevers
Gestuerwen 11. Mäerz 1796
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Bauingenieur, Ingenieur

Seng Konstruktiounsmethod huet doraus bestanen datt en am Ënnerbau fir d'éischt eng Lo Gestécks agebaut huet, déi mat méi klenge Steng ofgedeckt gouf, op déi dann nach eng Verschläissschicht koum.

Déi Befestegungsaart gouf a Frankräich an och zu Lëtzebuerg bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert gebraucht (plazeweis bis uganks 20. Joerhonnert), bis se vum Schott John Loudon McAdam senger Bauweis dem Macadam, déi méi bëlleg war, ogeléist gouf.

Hie war den Auteur vum éischte franséische Stroossebauprogramm an de Grënner vum Corps vun de Cantonnieren.

Bibliographie änneren

  • Archives Départementales de la Nièvre
  • Société nivernaise des sciences, lettres et arts - 1870
  • Registres consulaires de la ville de Limoges
  • Arthur G. Bruce, Highway Design and Construction, International Textbook Company, Scranton, Pennsylvanie (1934).