Pierre Hentges (1915)

lëtzebuergesche Sportsprofesser
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sportsprofesser Pierre Hentges. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Hentges.

De Pierre Hentges jun., gebuer den 22. November 1915 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 25. September 1997, war e lëtzebuergesche Sportsprofesser a Sportsfonctionnaire.

Pierre Hentges
Gebuer 22. November 1915
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. September 1997
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser
Member vun Fédération luxembourgeoise de gymnastique, Comité olympique et sportif luxembourgeois
Famill
Papp Pierre Hentges

Hien huet sech fir d'Turnen, de Volleyball an de Studentesport agesat. Hie war Member vun der Fédération internationale de gymnastique, President vun der Union des sociétés luxembourgeoises de gymnastique a vun der Fédération luxembourgeoise de volley-ball.

De Pierre Hentges war Member vum Comité olympique et sportif luxembourgeois. Bei den Olympesche Spiller war hien dräimol Missiounschef vun der lëtzebuergescher Delegatioun: