Pierre Federspiel

lëtzebuergesche Sculpteur a Medailleur

De Pierre Federspiel, gebuer den 20. September 1864 a Clausen,[1] gestuerwen den 19. Abrëll 1924 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e lëtzebuergesche Sculpteur a Medailleur.

Pierre Federspiel
Gebuer 20. September 1864
Clausen
Gestuerwen 19. Abrëll 1924
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

No der Primärschoul huet hie säin Handwierk beim Grafmécher Mergen um Lampertsbierg geléiert. Dank sengem kënschtlereschen Talent krut hien ee Subsid vum Staat fir e Studium op der Akademie der Bildenden Künste[3] zu München, beim Professer Wilhelm von Rümann, ze maachen. Duerno goung hien nach op Paräis a Berlin, ier hien 1907 Professer fir Skulptur an der Handwierkerschoul gouf.

D'Rue Pierre Federspiel, déi deels um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg an deels um Territoire vun der Gemeng Stroossen läit, krut dem Sculpteur säin Numm.

Wierker änneren

 
D'Ermesinde iwwerreecht Lëtzebuerg de Fräiheetsbréif - Relief vum Pierre Federspiel an der viischter Fassad vum Cercle municipal an der Stad Lëtzebuerg. Déi original Maquette vun dësem Wierk ass an engem Hausagank an der Biederstrooss zu Munneref agebaut ginn.
 
Josef Junck
mat Portraitë vu follgende Perséinlechkeeten:
- Ermesinde
- Jang de Blannen
- Sigismund
- Prënz Henri
- Henri VII
- Wenzel IV
- Karel IV
- Joseph Junck

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pierre Federspiel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gebuertsschäin 1864, n° 313; "Pierre Federspiel", Luxemburger Illustrierte, 14. Januar 1927.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 110&111 vum 19./20. Abrëll 1924, S. 4 (Link)
  3. Ënner dem Numm Peter Federspiel ass en zu München den 23. November 1883 ageschriwwe ginn, cf. Matrikelbuch 1841-1884 vun der Akademie der Bildenden Künste München, Matrikel-Nr. 04491.
  4. Koltz, Jean-Pierre, 1970. Baugeschichte der Stad und Festung Luxemburg, 1. Band, 2. Oplo, S. 74.