Pierre Drieu La Rochelle

Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre Eugène Drieu La Rochelle, gebuer den 3. Januar 1893 zu Paräis a gestuerwen de 15. Mäerz 1945 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller.

Pierre Drieu La Rochelle
Gebuer 3. Januar 1893
10. Arrondissement
Gestuerwen 15. Mäerz 1945
17. Arrondissement
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École libre des sciences politiques
Aktivitéit Schrëftsteller
Partei Parti populaire français

De Pierre Drieu La Rochelle ass als Mënsch staark ëmstridden. Hien, een ambivalenten Dandy a Fraenheld, war am Fong virun der Zäit scho fir ee vereenegt Europa, mä hien ass no an no vu senger sozialistescher Astellung a Richtung Faschismus gerutscht. Wärend dem Zweete Weltkrich, wéinst der Nidderlag vu Frankräich am Juni 1940, wat fir hien en Zeeche war, datt Frankräich politesch a moralesch dekadent war, war hien offe fir d'Kollaboratiounspolitik vum Vichy-Regime mam Hitler-Däitschland, dat am Sënn vun engem regeneréierten Europa. Hien huet sech selwer mol als "socialiste fasciste" bezeechent, a mat den éischten Nidderlage vun der Wehrmacht am Osten huet en erausfonnt, datt och Däitschland an der Dekadenzspiral verfaange war, an hien ass a Richtung Kommunismus, respektiv Stalinismus gerutscht. Seng politesch Haltung war deemno alles anescht wéi fest oder sécher, mä stänneg an der Upassung. Och säin Antisemitismus, deen zimmlech virulent a sengen Artikelen eriwwerkoum, ass éischtens net virun 1938 opkomm, an zweetens ni absolut gewiescht (hien hat vill jiddesch Bekannter a Frënn). Wärend dem Krich huet hien och derzou bäigedroen, datt verschidde Schrëftsteller, déi vun den Nazie verfollegt goufen, konnte gerett ginn. Hie war iwwregens den Dafpätter vun engem vum Antifaschist André Malraux sengen zwéi Jongen, déi dee mat der Schrëftstellerin Josette Clotis hat.

Bei der Liberatioun vu Frankräich huet en zweemol versicht, sech d'Liewen ze huelen, konnt awer béid Kéieren a leschter Minutt gerett ginn. De 15. Mäerz 1945, awer, gouf en dout an der Wunneng vu senger éischter Fra, Colette Jéramec, enger Jiddin, déi en 1943 aus dem Internéierungslager zu Drancy befreie gelooss hat, opfonnt, soudatt d'Epuratiouns-Justiz säi Fall ni konnt behandelen.

Am Joer 2012 huet déi prestigiéis Kollektioun La Pléiade (Gallimard) seng gesammelt Wierker erausginn, wat, wéinst dem Drieu senger Astellung vis-à-vis vun Däitschland am Krich, net ganz ouni Poleemik an der Press iwwer d'Bün gaangen ass.

Seng Wierker änneren

  • Mesure de la France (1922)
  • L'homme couvert de femmes (1925)
  • Le Jeune Européen (1927)
  • Genève ou Moscou (1928)
  • L'Europe contre les patries (1931)
  • Le Feu Follet (1931), 1963 vum Louis Malle verfilmt
  • La comédie de Charleroi (1934)
  • Socialisme fasciste (1934)
  • Avec Doriot (1937)
  • Gilles (1939)
  • Ne plus attendre (1941)
  • Notes pour comprendre le siècle (1941)
  • Chronique politique (1943)
  • L'homme à cheval (1943)
  • Les chiens de paille (1944)
  • Le Français d'Europe (1944)

Literatur zum Theema änneren

  • Winock, Michel, Drieu La Rochelle, écrivain et fasciste; in: Anthony Rowley (verantwortlech fir d'Publicatioun), Les collabos; Paräis (Fayard / Pluriel), 2011; Ss. 283-289.
  • Assouline, Pierre, Les trahisons ordinaires des écrivains français; in: Anthony Rowley (responsabel fir d'Publicatioun), Les collabos; Paräis (Fayard / Pluriel), 2011; Ss. 249-271.
  • Kunnas, Tarmo, Drieu la Rochelle, Céline, Brasillach et la tentation fasciste, Les Sept Couleurs, 1972.
  • Laurent Wetzel, Vingt intellectuels sous l'Occupation - Des résistants aux collabos; Monaco (éditions du Rocher), 2020; 233 S.; ISBN 978-2-268-10443-0

Um Spaweck änneren