Pierre Corneille

franséischen Theaterschrëftsteller

De Pierre Corneille, gebuer de 6. Juni 1606 zu Rouen a gestuerwen den 1. Oktober 1684 zu Paräis, war e franséischen Auteur, dee virun allem Theaterstécker geschriwwen huet. Hie gëtt nieft dem Molière an dem Jean Racine als ee vun de grousse klasseschen Theaterschrëftsteller vum 17. Joerhonnert ugesinn.

Pierre Corneille
Gebuer 6. Juni 1606
Rouen
Gestuerwen 1. Oktober 1684
Paräis
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Educatioun Lycée Corneille
Aktivitéit Dramatiker, Dichter, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Juristesche Schrëftsteller
Member vun Académie française
Le Cid, Editioun vu 1637.

Als jonke Mann stoung hien ënner dem Patronage vum Kardinol Richelieu, deen déi klassesch Tragediën (an niewelaanscht d'absolutistesch Monarchie) promouvéiere wollt, huet sech awer méi spéit mat him zerworf, besonnesch wéinst sengem bekanntste Stéck Le Cid, well en doranner d'Prinzip vun der Unitéit vun Zäit, Handlung a Plaz net agehalen huet. Trotzdeem sollt hie 1647 an déi vum Richelieu gegrënnt Académie française opgeholl ginn.

Nieft dem Cid huet hien iwwer 40 Joer mat Succès eng 35 Theaterstécker publizéiert, dorënner L'Illusion comique, Horace a Cinna.

1644, resp. 1648 a 1660 huet hie Sammelbänn vu senge Stécker erausbruecht.

Wierker änneren

(D'Benennunge vun de Stécker als tragédie, comédie oder tragi-comédie sinn déi vum Corneille selwer. D'Joreszuele sinn déi vun der Zäit wou d'Wierk geschriwwe gouf.)

  • Mélite (comédie), 1625 (?)
  • Clitandre (tragi-comédie, spéider an tragédie ëmgenannt), 1630/31
  • La Veuve, Ou le Traître trahi (comédie), 1631/32
  • La Galerie du Palais (comédie), 1632/33
  • La Place Royale (comédie), 1634
  • Médée (tragédie), 1635
  • L'Illusion comique (comédie), 1636
  • Le Cid (tragi-comédie, spéider an tragédie ëmbenannt), 1636/1637
  • Horace (tragédie), 1640
  • Cinna ou la clémence d'Auguste (tragédie), 1641
  • Polyeucte (tragédie), 1643
  • La Mort de Pompée (tragédie), 1641/42
  • Le Menteur (comédie), 1643
  • La Suite du Menteur (comédie), 1643
  • Rodogune (tragédie), 1644
  • Théodore (tragédie chrétienne), 1645
  • Héraclius (tragédie), 1646
  • Andromède (tragédie), 1647
  • Don Sanche d'Aragon (comédie héroïque), 1649
  • Nicomède (tragédie), 1650
  • Pertharite (tragédie), 1651
  • Œdipe (tragédie), 1658/59
  • Trois Discours sur la poésie dramatique, 1660
  • La Toison d'or (tragédie), 1660
  • Sertorius (tragédie), 1662
  • Othon (tragédie), 1664
  • Agésilas (tragédie), 1666
  • Attila (tragédie), 1667
  • Tite et Bérénice (comédie héroïque), 1670
  • Psyché, 1671 (De Plang an den Ufank vun dëser "Ballet-Tragedie" si vum Molière.)
  • Pulchérie (comédie heroïque), 1672
  • Les victoires du Roi sur les États de Hollande en l'année 1672, (Gedicht fir de Louis XIV.), 1672
  • Suréna (tragédie), 1674

Literatur änneren

  • Georges Couton: Corneille et la tragédie politique. Paris 1985 (Kollektioun „Que sais-je?“)
  • Georges Forestier: Essai de génétique théâtrale: Corneille à l'oeuvre. Klincksieck, Paris 1996, ISBN 2-252-03059-3
  • Angela S. Goulet: L'univers théâtral de Corneille: paradoxe et subtilité héroïques. Cambridge, Mass. 1978, ISBN 0-674-92928-4
  • Klaus Heitmann: Das französische Theater des 16. und 17. Jh., in: Klaus von See (Hrsg.): Neues Handbuch der Literaturwissenschaft, Bde. 9/10. Frankfurt 1972; zu Corneille vgl. S. 278-289
  • Erich Köhler, Vorlesungen zur Geschichte der französischen Literatur. Vorklassik. Stuttgart: Kohlhammer, 1983 (S. 117-189)
  • Wolfgang Mittag: Individuum und Staat im dramatischen Werk Pierre Corneilles. Diss. Münster 1976
  • Ralf Nestmeyer: Französische Dichter und ihre Häuser. Insel Verlag, Frankfurt 2005. ISBN 3-458-34793-3
  • A. Ritter: Bibliographie zu Corneille. 1958-1983, Erftstadt 1983
  • Horst Turk: Theater und Drama - theoretische Konzepte von Corneille bis Dürrenmatt, Narr, Tübingen 1992, ISBN 3-87808-388-2
  • Schneider, Reinhold: Corneilles Ethos in der Ära Ludwigs XIV.: E. Studie, Baden-Baden: Bühler, 1947

Um Spaweck änneren

Commons: Pierre Corneille – Biller, Videoen oder Audiodateien