Bei enger Corrida ass de Picador e Reider deem seng Roll et ass an dem éischten Drëttel (tercio) vum Stéierkampf an d'Genéckmuskelen an an d'Beenmuskelen ze stieche fir sou de Stéier ze schwächen.

E Picador

E sëtzt op engem Päerd dat mat engem Caparaçon agekleet ass, an huet eng Lanz de ongeféier 2,60 m. laang ass.

Fréier war de Picador den Haaptheld vun der Corrida, et war de groussen Torero, wougéint d'Toreroen zu Fouss seng Geselle waren.

An der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert huet en ugefaange seng Haaptroll ze verléiere fir schliisslech an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng Hëllef vum Matador ze ginn.

Wann een e Stéierkampf kucke geet an 't héiert ee Leit päife wann de Picador an d'Arena kënnt soll een nëmme net mat päifen. Et sinn nëmme schlecht informéiert Touristen déi dat machen, wa se fir d'éischt eng Corrida kucke ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Picador – Biller, Videoen oder Audiodateien