Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Physiker ass eng Beruffsbezeechnung fir Wëssenschaftler, déi sech mat der Physik beschäftegen.

Beruffsfeld änneren

Physiker (Diplom-Physiker) hunn e variéiert Beruffsfeld: si léisen Aufgaben an der Grondlagen- an Industriefuerschung, Entwécklung, Produktioun, Berodung, Organisatioun a Verwaltung, am Marketing, am Ëffentlechen Déngscht an an der Léier op Schoulen an Héichschoulen. Dobäi schaffe si mat Methoden wéi: theoreetesch, experimentell an applizéiert Physik.

An der Reegel si s'op ee Spezialgebitt orientéiert, wéi zum Beispill Kärphysik an Elementardeelerchersphysik, Atom-, Héichenergiephysik a Molekularphysik, Clusterphysik, Festkierperphysik, Hydrodynamik, Aerodynamik, Stréimungsléier, Thermodynamik, Optik, Akustik, Elektrodynamik, Plasmaphysik an Déiftemperaturphysik, Astrophysik, Extraterrestresch Physik, Biophysik.

Diplom-Physiker schaffen an der Fuerschung a ginn hir Léier weider op den Héichschoulen. Si sinn an der Fuerschung an an der Entwécklung vun Entreprisen a bal alle Branchen aktiv, zum Beispill am Maschinnen- oder Gefierbau, an der Radio-, an Noriichtentechnik, der Medezin-, der Mooss-, Steier- a Reegelungstechnik, der Energieschafung an -verdeelung oder an der Cheemescher Industrie.

Literatur änneren

  • Die großen Physiker, 2 Bde.: Von Aristoteles bis Kelvin; Von Maxwell bis Gell-Mann. Hrsg. v. Karl von Meyenn. 1997, ISBN 3-406-41151-7

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Physiker – Biller, Videoen oder Audiodateien