Philippe Schaus

lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager


De Philippe Schaus, gebuer de 6. Juni 1963, ass e lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager.

Philippe Schaus
Gebuer 6. Juni 1963
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun INSEAD
Aktivitéit Ingenieur

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet hie vun 1982 bis 1987 op der Universitéit vu Léck Fligerbau studéiert an duerno e Business MBA um INSEAD gemaacht.

De Schaus war vun 1992 bis 2002 am Conseil d'administration vu Villeroy & Boch, duerno Generaldirekter bei Degrenne an huet méi spéit beim DFS Group, enger Filial vum Grupp LVMH, déi hire Sëtz zu Hong Kong huet, geschafft. Hie war do Group President - Merchandising and Marketing a vun 2012 bis 2017 Chief Executive Officer an Chairman vum Grupp. Zanter Enn 2017 huet hien déi Positioun bei Moët Hennessy[1].

Säi Grousspapp war den Eugène Schaus.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. CV vum Philippe Schaus op sengem Profil bei linkedin.com, gekuckt den 1. Januar 2020