De Petrus Särkilax, eigentlech Pietari Särkilahti, 1529 gestuerwen, war e finnesche Geeschtlechen, Humanist, Unhänger vun der Reformatioun an ee Pionéier vun der finnescher Kultur- oder Héichsprooch.

Liewen a Wierk änneren

De Petrus Särkilax huet eng Zäit zu Wittenberg studéiert, wou en ë. a. de Martin Luther als Professer hat. Zu Wittenberg huet hie sech iwweregens (viru 1522) bestuet, obwuel hie scho Priister war.

Zeréck a Finnland, dat an där Zäit een Deel vum Kinnekräich Schwede war, huet de Petrus Särkilax de jonke Mikael Agricola zu Turku (Abå) kennegeléiert. Den Agricola, dee säi Schüler gouf, huet nom Doud vum Särkilax deem säi Wierk weidergeféiert.

Literatur änneren

  • Simo Heininen & Markku Heikkilä, Kirchengeschichte Finnlands ; Göttingen, 2002.
  • Robert Stupperich, Reformatorenlexikon ; Gütersloh (Verlag Max Mohn), 1984. ISBN 3-579-00123-X.