Peter Vogel (Schauspiller)

däitsche Schauspiller

De Peter Vogel, gebuer den 22. Mäerz 1937 zu München a gestuerwen den 21. September 1978 zu Wien, war en däitsche Schauspiller.

Peter Vogel
Gebuer 22. Mäerz 1937
München
Gestuerwen 21. September 1978
Wien
Doudesursaach Vergëftung
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Gertraud Jesserer
Liewenspartner(in) Erika Pluhar
Papp Rudolf Vogel
Kanner Nikolas Vogel

Säin éischte Film Das fliegende Klassenzimmer hat 1954 seng Premiere an duerno war hien an enger 90 Kinos- an Televisiounsfilmer ze gesinn. Hien ass vun 1955 un och am Theater opgetrueden.

Hien war de Jong vum Schauspiller Rudolf Vogel.

Hie war mat der Schauspillerin Gertraud Jesserer bestuet. No hirer Schedung hat hien eng Laison mat der Schauspillerin Erika Pluhar.

De Schauspiller Nikolas Vogel (1967-1991) war de Jong vum Peter Vogel an der Gertraud Jesserer.

De Peter Vogel hat zanter den 1970er Jore Problemer mat Depressionen an huet sech 1978 ëmbruecht.

Filmographie änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

Um Spaweck änneren