De Peter Goldreich, gebuer de 14. Juli 1939 zu New York City ass en US-amerikaneschen Astrophysiker an Astronom.

Peter Goldreich
Gebuer 14. Juli 1939
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Cornell University
Aktivitéit Physiker, Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker
Member vun Royal Society, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun

De Goldreich krut 1963 op der Cornell University den Doktortitel an der Physik. No enger Aarbecht op der Universitéit vu Cambridge gouf hien am Joer 1964 Assistenzprofesser op der University of California zu Los Angeles. 1966 wiesselt hien an d'California Institute of Technology wou hie bis zu senger Emeritéierung 2003 Professer war. Duerno huet hie sech dem Institute for Advanced Study zu Princeton ugeschloss.

Déi theoreetesch Aarbechte vum Goldreich ëmfaasse vill Theemaen, dorënner Planéiten an hir Réng, d'Dynamik vu Galaxien, den interstellare Medium, Pulsaren an Helioseismologie.

Éierungen änneren

Um Spaweck änneren