Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Peshawar ass eng Stad a Pakistan, déi an der nordwestlecher Grenzprovënz, net wäit vun Afghanistan, läit an dofir zanter Joerzéngten d'Réckwierkunge vum Krich an Afghanistan ze spiere kritt huet. Zu Peshawar, an där Regioun, wou kee weess, wou Pakistan ophält an Afghanistan ugeet, gëtt et riseg Flüchtlingslager, an deenen Afghanen a Pakistaner a mënschenonwierdege Konditiounen an ënner fräiem Himmel am Knascht hausen. Si waren an den 80er an 90er Joren en Opfanglager fir d'Fräiheetskämpfer, déi deemools géint d'Russen an hir Alliéiert an Afghanistan gekämpft hunn a verwonnt iwwer d'Grenz komm sinn. Vill vun hinnen haten en Arem oder e Been duerch Minne verluer. Zu Peshawar hu se versicht, sech z'erhuelen, fir da mat neie Waffen (op eng mysteriéis Weis si se dru komm) zeréck an den Asaz no Afghanistan ze goen. Ëm Peshawar gëtt et dofir och vill Atelieren, déi primitiv Been- an Aarmprotheese fabrizéieren.

Afghanen a Pakistaner an engem Flüchtlingslager bei Peshawar, am Hannergrond d'Bierger, déi Pakistan vun Afghanistan trennen
Wéi Hierken an enger Tonn....

Vu Pehawar aus féiert eng Strooss iwwer de Khyber Pass no Afghanistan. Hien ass bekannt duerch d'Verloschter, déi d'englech Truppen an enger Schluecht do erlidden hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Peshawar – Biller, Videoen oder Audiodateien