Paulette Dubost

franséisch Schauspillerin

D'Paulette Dubost, mam richtegen Numm Paulette Marie Emma Deplanque, gebuer den 8. Oktober 1910 zu Paräis, a gestuerwen den 21. September 2011 zu Longjumeau, Île-de-France[1], war eng franséisch Schauspillerin.

Paulette Dubost
Gebuertsnumm Paulette Marie Emma Deplanque
Gebuer 8. Oktober 1910
16. Arrondissement
Gestuerwen 21. September 2011
Longjumeau
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller

Der Paulette Dubost hir Mamm war Sängerin an der Paräisser Opéra-Comique. Mat 7 Joer ass d'Dubost an d'Balletschoul vun der Paräisser Oper gaangen. Mat 17 Joer huet si Unterrecht fir Operett geholl. Si gouf um Théâtre des Bouffes-Parisiens engagéiert an hat hiren Début an Les aventures du roi Pausole vum Arthur Honegger. Duerno huet si bei de Folies Wagram gespillt. An den 1930er Joren huet d'Paulette Dubost ugefaangen, och a Filmer matzespillen.

Am Ganzen hat si bal 200 Rollen a Filmer an Tëleesserien, dorënner déi vun der Ginette am Hôtel du Nord vum Marcel Carné, der Lisette a La règle du jeu vum Jean Renoir, der Madame Fernande a Le plaisir vum Max Ophüls, der Germaine Pasture an Die Vier im Jeep vum Leopold Lindtberg, a vun der Germaine Fabre an Le dernier métro vum François Truffaut.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1931 bis 1939 änneren

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2007 änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.lesgensducinema.com/affiche_acteur.php?mots=DUBOST+Paulette&nom_acteur=DUBOST+Paulette&ident=11899&debut=0&record=0&from=ok

Um Spaweck änneren