Paul O. Husting

amerikanesche Politiker
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Paul Oscar Husting, gebuer de 25. Abrëll 1866 a gestuerwen den 21. Oktober 1917, war Member vun der amerikanescher demokratescher Partei an huet an där Qualitéit de Staat Wisconsin am U.S.-Senat vertratt, an zwar vun 1915 bis 1917. Hie war vu lëtzebuergescher Ofstamung.

Paul O. Husting
Gebuer 25. Abrëll 1866
Gestuerwen 21. Oktober 1917
Nationalitéit USA
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Demokratesch Partei

Hie gouf zu Fond du Lac, Wisconsin gebuer, an hat en Diplom am Droit vun der Rechtsfakultéit vu Wiscosin. Seng Karriär huet hien als Affekot ugefaangen. Hie war vun 1907 bis 1913 am Senat vu Wisconsin an huet duerno Wisconsin vun 1915 bis 1917 (bis zu sengem Doud) am USA-Senat vertratt.

Hien ass 1917 bei enger Intejuegd duerch en Accident ëmkomm a gouf um Graceland Kierfecht zu Mayville, Wisconsin begruewen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren