De Paul Dedrick Gray, gebuer den 8. Abrëll 1972 zu Los Angeles a Kalifornien, a gestuerwen de 24. Mee 2010 zu Urbandale am Iowa, war en US-amerikanesche Bassist, deen als de Bassist vun der Metal-Band Slipknot bekannt gouf.

Paul Gray
Gebuer 8. Abrëll 1972
Los Angeles
Gestuerwen 24. Mee 2010
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit USA
Aktivitéit Bassist, Gittarist, Vokalist, Filmschauspiller
Member vun Slipknot

Säi Liewen änneren

De Paul Gray ass 1972 zu Urbandale gebuer. E puer Joer méi spéit ass hien op Des Moines geplënnert, wou hien d'Bassgittar fir sech entdeckt huet. Wei hien 19 Joer al war, huet hien an der Band VeXX gespillt. 3 Joer méi spéit ass hien enger anerer Band mam Numm BodyPit bäigetrueden. Do huet hien ënner anerem de Mick Thomson, mat deem hie spéider bei Slipknot gespillt huet, kennegeléiert. Leider hat de Paul Gray eng liicht Häerzerkrankung, déi awer net weider vu Bedeitung war. 1995 huet hie mat e puer Kolleegen eng nei Band gegrënnt, déi si Slipknot, wat souvill heescht wéi Henkersknuet, genannt hunn. De Shawn Crahan op der Perkussioun ass deen eenzege vun den Grënnungsmemberen, deen haut nach an der Band spillt. An där Band war hien d' #2, oder krut och dacks de Spëtznumm Balls. Net seele gouf hien och The Pig genannt. Dëst lenkt sech vu senger Mask, wéi all d'Slipknot-Memberen iwwregens eng dréit, of. Am Ufank war et eng Mask mat engem Schwéngsgesiicht, spéider hat hien eng schwaarz Mask, déi un den Hannibal Lecter erënnert huet. E schockanten Tëschefall gouf et am Summer 2003: De Paul Gray gouf vun der Police festgeholl, well hien ënner héijem Drogekonsum Auto gefuer ass an dobäi nach Marihuana bei sech hat.

De 24. Mee 2010 gouf de Paul Dedrick Gray mueres géint 11 Auer a sengem Hotelszëmmer a senger Gebuertsstad Urbandale doudeg opfonnt. Eng éischt Autopsie war ouni Erfolleg, no enger zweeter toxikologescher Ënnersichung huet sech erausgestallt, datt hien un enger Iwwerdosis Morphium a Fentanyl gestuerwe war. Een aneren entscheedende Faktor vu sengem Doud war seng Häerzerkrankung déi hien hat.

Säin Ekipement änneren

De Paul Gray huet gréisstendeels op engem Ibanez Paul Gray Signature-Bass gespillt. Hie war Lénkshänner, soudatt hien och speziell Lénkshänner-Gittare benotzt huet. Nieft sengem Signature-Modell huet hien och nach op Bassgittare vum Produzent Warwick gespillt. Bis op eng Ausnam haten all seng Bassgittare 4 Säiten. Säi Verstäerker war e 1600-Watt Basscombo vun der Mark Peavey.