De Paul Anen, gebuer den 3. Februar 1918 a gestuerwen den 31. Mee 1978, war e lëtzebuergesche Fechter an Olympionik.[1]

Paul Anen
Gebuer 3. Februar 1918
Nidderkuer
Gestuerwen 31. Mee 1978
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter

Hien huet zweemol un den Olympesche Spiller deelgeholl an zwar 1948 zu London, an 1952 zu Helsinki. Zu Helsinki konnt hie sech am Dege mat der lëtzebuergescher Ekipp bei där nach de Léon Buck, den Emile Gretsch an de Fernand Leischen dobäi waren, op der véierter Plaz klasséieren.[2]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Olympedia – Paul Anen. www.olympedia.org. Gekuckt de(n) 2020-07-05.
  2. De Paul Anen op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'