Patrick Swayze

US-amerikanesche Schauspiller, Dänzer a Sänger

De Patrick Swayze, gebuer den 18. August 1952 zu Houston, Texas a gestuerwen de 14. September 2009 zu Los Angeles, Kalifornien war een US-amerikanesche Schauspiller, Sänger an Dänzer.

Patrick Swayze
Gebuertsnumm Patrick Wayne Swayze
Gebuer 18. August 1952
Houston
Gestuerwen 14. September 2009
Los Angeles
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Liddermécher, Schauspiller, Dänzer, Sänger, Choreograph, Synchronspriecher, Filmproduzent
Famill
Bestuet mat Lisa Niemi
Mamm Patsy Swayze
Geschwëster Don Swayze

Bekannt gouf de Swayze duerch d'Roll vum Orry Main an der Televisiounsserie North and South (de:Fackeln im Sturm). Aner bekannt Filmer wou hie matgespillt huet waren Dirty Dancing, Ghost, To Wong Foo, thanks for Everything, Julie Newmar a Point of Break.

De Film George and the Dragon (2004, Regie: Tom Reeve), an deem hien d'Haaptroll gespillt huet, war bal ganz zu Lëtzebuerg gedréint ginn.[1]

Nieft der Schauspillerei huet de Swazye och gesongen. Säi bekanntst Lidd war She's like the Wind aus dem Film Dirty Dancing. An dësem Film konnt hie sech och als Dänzer beweisen.

Säit dem 12. Juni 1975 war hie mat senger Kolleegin Lisa Niemi bestuet.

Am Januar 2008 gouf bei him Bauchspäicheldrüsekriebs diagnostizéiert. Hien ass de 14. September 2009 mat 57 Joer doru gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Patrick Swayze – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Swayze drehte in Luxemburg. Abenteuerfilm entstand fast ganz im Großherzogtum". wort.lu 15.09.2009 10:34.