De Parc Güell läit am Distrikt Gràcia‎ zu Barcelona an ass e Wierk vum Antoni Gaudí.

Den Tuerm bei der Entrée vum Parc
D'Entrée vum Parc
Salamander-Statu
Dem Gaudí säin Haus vun 1906 - 1926
Iwwerbléck iwwer de Parc
Bänk op der Terrass
Déi ënnescht Bréck

Iwwer der Stad huet de Gaudí dëse speziellen no senge Virstellungen ugeluechte Park gebaut, deen 1984 vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierwe gesat gouf.

Et ass en innovatiivt Wierk vum Gaudí, dat vum Eusebi Güell an Optrag gi ginn ass. Et war eigentlech geduecht fir eng Siidlung unzeleeën.

Am Zentrum ass eng riseg Terrass ugeluecht mat doresche Sailen, déi ursprénglech als Maartplaz geduecht war. Ënner dëser Terrass bilden dës Sailen eng Hal. Op der Terrass ass eng laanggeschwongen, schlangefërmeg Mauerbänk, déi wéi vill Wierker vum Gaudí no der Trencadiz-Method, eng speziell Collagetechnik mat Mosaicker aus Glas a Keramik, entstanen ass.

Iwwerall fënnt een am Park och speziell Figuren, wéi den Draach Phyton bei den Trapen zum Beispill.

Am fréieren Haus vum Gaudí, deen do vun 1906 bis 1926 gewunnt huet, ass e Musée entstanen. Hei fënnt een original Wierker vum Gaudí. Dëst Haus gouf 1904 vum Francesc Berenger gebaut a gouf 1969 zum historeschen-artistesche Monument ernannt.

Literatur zum Theema änneren

  • Rainer Zerbst: Antoni Gaudí,1852-1926, Antoni Gaudí i Cornet – ein Leben in der Architektur, Taschen GmbH, Köln, 2002, ISBN 3-8228-2169-1, S. 138 - S. 161

Um Spaweck änneren

Commons: Parc Güell – Biller, Videoen oder Audiodateien