Par Käldall Notre-Dame-des-Mineurs

D'Par Käldall Notre-Dame-des-Mineurs ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Süden-Ost an ersetzt déi 3 fréier Pare Keel, Rëmeleng an Téiteng.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Keel a Rëmeleng.

D'Patréinesch vun der Par ass d'Notre-Dame des Mineurs.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Kayl, Rumelange et Tétange et sur l'érection de la paroisse « Käldall Notre-Dame-des-Mineurs »