Par Bartreng–Stroossen Saint-Jean XXIII

D'Par Bartreng–Stroossen Saint-Jean XXIII ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Lëtzebuerg an ersetzt déi zwou fréier Pare Bartreng a Stroossen.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Bartreng a Stroossen.

De Patréiner vun der Par ass den hellege Johannes XXIII.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Bertrange et Strassen et sur l'érection de la paroisse « Bartreng–Stroossen Saint-Jean XXIII »