Paräisser Plaz / Place de Paris (Tramshalt)
Statioun vum Stater Tram
Paräisser Plaz / Place de Paris ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 13. Dezember 2020 opgaangen ass.
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
genannt no | Place de Paris |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Garer Quartier |
Koordinaten | 49°36'14,15"N, 6°7'50,88"O, 49°36'15,30"N, 6°7'50,12"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Place de Metz, Gare centrale |
Lag vun der Statioun änneren
D'Statioun läit an der Neier Avenue am Quartier Gare vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Place de Metz am Norden a Gare centrale am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Place de Metz | Paräisser Plaz / Place de Paris | Gare centrale | Stadion[1] |
D'Statioun läit direkt bei der Paräisser Plaz, no där s'och genannt ass.
Infrastruktur änneren
D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Biller änneren
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend änneren
-
de Skatepark Péitrussdall
Um Spaweck änneren
Commons: Paräisser Plaz / Place de Paris (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023