D'Papageie sinn eng Uerdnung aus der Klass vun de Vullen. Et gëtt ronn 340 Papageienaarten.

Papageien
En Ara

En Ara
En Ara
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Papageien
Wëssenschaftlechen Numm
Psittaciformes
Wagler 1830
Familljen

Psittacidae
Loriidae
Cacatuidae

Papageien hunn eng oprecht Kierperhaltung an e kräftege Schniewel. Si erniere sech vu Som, Bieren, Friichten, Nektar, Bléien, Knospen a Wuerzelen. Verschidden Aarte friessen och Insekten a Larven. Si kënne gutt fléien a kloteren. Et sinn déi eenzeg Vullen déi hiert Friesse mat de Féiss festhalen.

Déi klengst Papageie si mat 8 cm Längt d'Spiechtpapageien an déi gréisst sinn d'Hyazinth-Arae mat bis zu 1 m Längt.

Papageie sinn op all Kontinent vertrueden, ausser an Europa an an der Antarktis. An Europa gi si haaptsächlech als Hausdéier gehalen.

Um Spaweck änneren

Commons: Psittaciformes – Biller, Videoen oder Audiodateien