Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Pandora ass an der griichescher Mythologie déi éischt stierflech Fra, déi op Uerder vum Zeus vum Hephaistos geschaf ginn ass. Vun de Gëtter krut si ënner anerem Schéinheet, musikalescht Talent, Geschéck a Virwëtz geschenkt. Den Hermes huet hir och nach d'Sprooch an den Numm Pandora ginn, dee souvill bedeit wéi "déi, déi alles huet".

"Pandore" vum Jules Joseph Lefebvre

Hien huet si op d'Äert bruecht ginn, zesumme mat enger Béchs, déi ausser der Hoffnung all Iwwel vun der Welt enthalen huet.

D'Pandora sollt d'Mënschheet dofir strofen, datt de Prometheus d'Feier vun de Gëtter gestuel huet. Obwuel de Prometheus säi Brudder Epimetheus gewarnt huet, huet dee sech mam Pandora bestuet. Déi huet och d'Béchs dunn opgemaach, an all d'Onheel, wat dra war, ass op d'Mënschen erof komm. Nëmmen d'Hoffnung ass an der Béchs zeréckbliwwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Pandora – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.