Palikir
d'Haaptstad vun de Federéierte Staate vu Mikronesien
Palikir ass d'Haaptstad vun de Federéierte Staate vu Mikronesien. Se läit am Nordweste vun der Insel Pohnpei am Pazifeschen Ozean an huet bal 6.500 Awunner[1]. Palikir gouf am Joer 1990 net nëmmen Haaptstad mä och Sëtz vun der mikroneesescher Regierung, wéi et gesetzlech am Joer 1985 festgeluecht gouf.[2]. D'Haaptstad vum Bundesstaat Pohnhei ass allerdéngs Kolonia, déi fréier och d'Haaptstad vu Mikronesien war.