De Palais Stoclet (nl.: Stocletpaleis) ass eng Villa an der Avenue de Tervuren an der Bréisseler Gemeng Woluwe-Saint-Pierre. E gouf tëscht 1905 an 1911 no de Pläng vum éisträicheschen Architekt Josef Hoffmann fir de President vun der Société générale de Belgique, Adolphe Stoclet, gebaut.

Palais Stoclet
Land Belsch
Gemeng Woluwe-Saint-Pierre - Sint-Pieters-Woluwe
Strooss avenue de Tervueren - Tervurenlaan
Koordinaten 50°50'6,4"N, 4°24'58,3"O
Fläch 0,86 ha
Statut Weltierwen
Datum vum Bau 1905
Opgaangen 1911

Den Hoffmann war Member vun der Wiener Sezessioun. Hien hat en onbegrenzte Budget a fräi Hand, dee Stadpalais z'entwerfen. Vun him entworf ass net nëmmen d'Architektur, mä och de Gaart, an zum Deel d'Bannendekoratioun, bis hin zu de Klänschen an de Iess-Couverten. Fir de Rescht vun de Géigestänn an Dekoratiounen huet e Membere vun der Wiener Werkstätte chargéiert, an ë. a. och de Gustav Klimt, deen e Mosaik an der Salle-à-manger entworf huet (e fréien Entworf vun Der Kuss), an de Fernand Khnopff.

Achitektonesch gräift d'Haus, dat um Héichpunkt vum Jugendstil gebaut gouf, senger Zäit viraus; seng geometresch Formen erënneren un Art Deco a Kubismus, déi eréischt Joren duerno verbreet goufen.

De Palais Stoclet war vun Ufank un als e Gesamtkonschtwierk konzipéiert. 1976 koum en ënner Denkmalschutz an 2004 gouf de Gaart als geschützte Landschaft klasséiert. Wéi nom Doud vun der leschter Awunnerin vum Haus, der Schnauer vum Alphonse Stoclet, 2002, gefaart gouf, d'Miwwelen an d'Dekoratiounsgéigestänn kéinte vun den Ierwe verkaf ginn, goufen och dës 2006 klasséiert.

De Palais ass nach ëmmer a Privatbesëtz an ass net zougänglech.

Am Juni 2009 gouf e vun der UNESCO als Weltierwe klasséiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Palais Stoclet – Biller, Videoen oder Audiodateien