D'Pënscherbaach och als Pëntsch oder Pentscht op verschiddene Kaarten erëmzefannen ass eng Baach am Éislek. Si entsteet op der Héicht vu Siwwenaler beim Zesummelaf vun der Lamichtsbaach mat der Marbich[1].

Pënscherbaach
Pëntsch / Pentsch
Fuurt duerch d'Pëntsch zu Pënsch
Längt 3,9 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummefloss vun der
Lamichtsbaach an der Marbich
Plaz Siwwenaler
Héicht 326 m
Koordinaten 50° 00’ 38.5’’ N
      06° 01’ 37.8’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Klierf
Plaz Lellgen
Héicht 289 m
Koordinaten 49° 58’ 54.7’’ N
      06° 00’ 46.1’’ O
Haaptnieweflëss Weipeschbaach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Siwwenaler, Pënsch
Lellgen

Si leeft duerno de ganzen Zäit a Richtung Süden an hëlt ënnerwee e puer kleng Baache mat weider, dorënner d'Weipeschbaach, eng Baach déi vum Flouer Wollefslach, a soss nach e puer Baachen ouni Numm, fir an engem schmuelen Dall laanscht Pënsch weider bis op Lellgen ze lafen. Op dësem leschte Stéck mécht se och d'Grenz mam Naturschutzgebitt Lellgen-Fréng/op Bärel.

Nodeem se do d'Lellgerbaach nach opgeholl huet, leeft se ronn 100 Meter no deem Zesummefloss an d'Klierf.

D'Baach ass 3,9 km laang.

Kuckt och änneren

Um Spaeck änneren

Commons: Pënscherbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Administration de la gestion de l'eau