Otto Wilhelm von Struve

däitschen Astronom

Den Otto Wilhelm von Struve gebuer de 7. Mee 1819 zu Dorpat, Estland, a gestuerwen de 16. Abrëll 1905 zu Karlsruhe, war en däitsch-balteschen Astronom.

Otto Wilhelm von Struve
Gebuer 7. Mee 1819
Gestuerwen 14. Abrëll 1905
Karlsruhe
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Däitscht Keeserräich
Educatioun Staatlech Universitéit Sankt Péitersbuerg
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences, Corporation Livonia Dorpat, International Astronomesch Unioun
Famill
Papp Friedrich Georg Wilhelm Struve

Liewen änneren

De Struve war de Jong vum Astronom Friedrich Georg Wilhelm Struve. Mat 15 Joer huet de Struve an der Universitéit Dorpat Astronomie studéiert. Scho wärend sengem Studium huet hien als Praktikant bei sengem Papp am Observatoire Dorpat gehollef. 1839 schléisst de Struve säi Studium mat enger Promotioun of a kritt eng Ustellung am Observatoire zu Pulkowo als Adjoint-Astronom. Bei senge Fuerschungen entdeckt de Struve 1841 eng nei Bestëmmung vun der Prezessiounskonstant.

Am Joer 1847 berifft de Generalstaf vun der zaristesch Arméi de Struve zum berodenden Astronom. Dësen Déngscht huet hie 15 Joer gemaach. Hei huet hien déi geodätesch-astronomesch Aarbechte geleet. Am Joer 1848 avancéiert de Struve zum zweeten Direkter vum Observatoire vu Pulkowo an 1856 gëtt hie Professer.

D'Akademie vun de Wëssenschaften zu Sankt Petersburg hëlt hien 1861 als Member op. Ee Joer méi spéit gëtt de Struve Nofollger vu sengem Papp a bleift bis 1889 Direkter vum Observatoire. Am Joer 1867 gëtt hien zum President vun der I.A.U. gewielt. 1887gëtt hien zum Geheimrat ernannt.

Mat 71 Joer geet den Otto Wilhelm Struve a Pensioun a wandert no Däitschland aus. Hien huet sech zu Karlsruhe niddergelooss an ass am Alter vu 86 Joer de 16. Abrëll 1905 gestuerwen.

De Struve huet 500 nei Duebelstäresystemer um nërdlechen Himmel observéiert. Hien huet dem Saturn a seng Réng ënnersicht, an huet d'Mass vum Neptun bestëmmt, an entdeckt en Uranusmound. Doriwwer eraus errechent hien Parallax vu verschiddener Fixstäre, a mécht Observatiounen iwwer d'Verännerlechkeet am Orionniwwel. Ausserdeem féiert hien e ganze Koup Observatiounen iwwer Koméiten duerch. Am Joer 1851 weist hie wärend enger Sonnendäischtert no, datt d'Protuberanzen dem Sonnekierper ugehéieren. Och bedeelegt hie sech un de Gradmiessungen, déi sech iwwer 69 Längtegraden tëscht Valentia an Irland an Orsk op der asiatescher Grenz erstreckt.

Den Otto Wilhelm Struve war de Papp vum Hermann von Struve an dem Ludwig von Struve, allebéid och Astronomen. Hien ass och Grousspapp vum Astronom Otto von Struve.

Wierker änneren

  • Übersicht der Thätigkeit der Nikolai-Hauptsternwarte wärend der ersten 25 Jahre ihres Bestehens (Petersburg, 1865)
  • Observations de Poulkowa (Pulkowo, 1869-87, 12 Bände)

Um Spaweck änneren

Commons: Otto Wilhelm von Struve – Biller, Videoen oder Audiodateien