Otavi Minen- und Eisenbahn-Gesellschaft

D'Otavi Minen- und Eisenbahn-Gesellschaft mat Sëtz zu Berlin gouf am Joer 1900 gegrënnt, fir eng Eisebunn tëscht Swakopmund an Otavi am deemolege Däitsch-Südwest-Afrika, dem haitegen Namibien, opzeriichte fir do kënne Kofferäerz ofzebauen. Si gouf an der 600 mm Spuer geluecht, an an den 1960er Joren op Kapspuer (1067 mm) ëmgebaut.

Share certificate of the Otavi Minen und Eisenbahn Gesellschaft

D'Gesellschaft besteet haut nach ënner dem Numm "Otavi Mineralien GmbH", mat Sëtz zu Neuss um Rhäin. Si bedreift Handel mat mineralesche Réistoffen. Déi fréier Otavi-Bunn gehéiert elo zum Netz vun der Transnamib-GmbH, déi staatlech Eisebunnsgesellschaft vun Namibia.