Astronomeschen Observatoire vu Brera

Den Osservatorio Astronomico di Brera (OAB) ass en astronomeschen Observatoire zu Mailand an Italien. D'astronomesch Koordinate[1] si 45° 27' 59,2" Nord an 0h 36m 45,89s Ost.

Den „Osservatorio Astronomico“ vu Brera ëm 1890

Den Observatoire am historesche Palazzo di Brera, fréier de Jesuittekolléisch Collegio de Brera am Mailänner Quartier Brera, gouf am Joer 1764 vun Humiliatejesuitte gegrënnt. D'Konzeptioun vum Observatoire louch an den Hänn vum Universalgeléierten a Jesuitt Roger Joseph Boscovitch. 1765 gouf den OAB am Südostfligel vum Palazzo fäerdeggestallt. Codirekter war de Jesuittepater Louis Lagrange (17111783). Am Joer 1772 huet de Boscovich den OAB verlooss. 1773 gouf de Jesuittenuerde vum Poopst Clemens XIV. per Dekreet opgeléist an den Observatoire ass un de Staat gefall.

Vun 1802 bis 1817 war de Barnaba Oriani Leeder vum Observatoire. No him koumen d'Direkteren Angelo de Cesaris (17491832) a Francesco Carlini. 1860 gouf den Giovanni Schiaparelli als „secundo astronomo“ beruff. 1861 entdeckt de Schiaparelli den Asteroid Hesperia. Nom Doud vum Carlini am Joer 1862 huet de Schiaparelli d'Leedung vum Observatoire iwwerholl. 1877 ass et him gelongen déi bis dohin detailräichst Kartéierung vum Planéit Mars ze zeechnen.

Nodeem d'Observatiounsbedingunge sech zu Mailand verschlechtert haten, gouf den Observatiounsbetrib am Joer 1923 agestallt. D'Observatioune goufen dunn op Merate an der Provënz Lecco verluecht, ronn 35 Kilometer vu Mailand ewech.

Literatur änneren

  • Volker Witt: Von der Marsbeobachtung zur Röntgenastronomie. Das Osservatorio Astronomico di Brera in Mailand und Merate. In: Sterne und Weltraum. Oktober 2008

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Osservatorio Astronomico di Brera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Net ze verwiessele mat de geographesche Koordinaten