Oskar Lafontaine

däitsche Politiker

Den Oskar Lafontaine, gebuer de 16. September 1943 zu Saarlouis-Roden, ass en däitsche Linkspartei Politiker.

Oskar Lafontaine
Gebuer 16. September 1943
Saarlouis
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Bonn,
Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Politiker, Publizist, Friddensaktivist, Physiker
Partei Bündnis Sahra Wagenknecht
Famill
Bestuet mat Sahra Wagenknecht

Säi Liewen änneren

Hien huet Physik op der Universitéit Saarbrécken studéiert. Dräizéng Joer laang, vun 1985 bis 1998, war hie Ministerpresident vum Saarland. Wéi seng Partei, d'SPD, 1998 un d'Regierung koum, ass hie Bundesfinanzminister ginn. Mä schonn den 11. Mäerz 1999 huet hie vun där Plaz demissionéiert, wéi hie sot wéinst engem "Manktem u Kooperatioun" am Regierungskabinett.

De Lafontaine ass mat der Christa Müller bestuet an huet mat hir ee Bouf, de Carl Maurice (* 1997).

Am Mee 2005 wousste vill Zeitungen ze mellen, datt de Lafontaine géif plangen d'SPD ze verloossen an eng nei Lénkspartei, d'Wahlalternative Arbeit und soziale Gerechtigkeit (WASG) an déi nächst Wale féiere wéilt.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Das Herz schlägt links; Econ; 1999
  • Die Wut wächst; Ullstein Taschenbuch; 2003
  • Politik für alle; Econ; 2005

Um Spaweck änneren

Commons: Oskar Lafontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien