Orbiting Solar Observatory

Orbiting Solar Observatory (OSO) war d'Bezeechnung vun enger Serie vun néng Satellitte vun der NASA fir d'Erfuerschung vun der Sonn. Tëscht 1962 an 1975 goufen aacht erfollegräich Starte mat Delta-Rakéite gemaach. Hir Startmass a wëssenschaftlech Instrumenter hu mat der Aféierung vun ëmmer méi staarken Deltarakéite zougeholl. Hir primär Aufgab war d'Observatioun vun der Sonn iwwer e ganze Sonnefleckenzyklus vun ronn 11 Joer am UV- a Röntgenliicht.

OSO 8 start mat der 112. Deltarakéit den 21. Juni 1975 zu Cape Canaveral

Opbau vum OSO 1 bis 6 an C änneren

 
Den OSO-4-Satellit

D'Satellitten OSO 1 bis 6 (de feelgeschloene Satellit krut de Buschtaf aus der Projetsphas) haten dee selwechten Opbau a bestoungen aus engem flaachen, aachteckege Prisma mat dräi ëm jee 120° zouenee versate Been. Op hirem Enn war jee e kugelfërmegen Drockgastank mat klengen Düse fir d'Kontroll vum Haaptkierperdrall. De ganzen Haaptkierper, mat den Ausleeër, huet fir d'Stabilisatioun ëm seng Längsachs rotéiert. Op der ieweschter Säit vum Zylinder war en hallefkreesfërmegt Schëld iwwer déi ganz Breet. Dat Schëld huet net matrotéiert a war ëmmer op d'Sonn ausgeriicht. Do waren och d'Solarzellen an d'Instrumenter festgemaach.

Opbau vum OSO 7 änneren

 
OSO-7

Den OSO 7 war e verbesserte Modell, deen de grondsätzlechen Opbau vun de fréieren OSO-Satellitte bäibehalen hat, awer däitlech méi grouss war, soudatt méi Experimenter ënnerbruecht konnte ginn. Als eenzege Satellit vun der OSO-Rei hat hat hie keng Ausleeër fir d'Spinkontroll.

Opbau vum OSO 8 änneren

 
Zeechnung vun OSO 8 an der Äerdëmlafbunn

Den OSO 8 gouf mat enger méi staarker Delta-Rakéit (Delta 1910) gestart wéi d'Virgängersatellitten. Déi Rakéiteversioun hat ausserdeem däitlech méi Plaz fir d'Notzlaascht. Den OSO 8 war dofir net nëmme méi schwéier, mä och méi grouss wéi seng Virgänger.

Resultater änneren

D'OSO-Satellitten hunn ë. a. d'koronal Lächer vun der Sonn, déi besonnesch staark Quelle vum Sonnewand sinn, entdeckt.Wärend d'Satellitten iwwer der Nuechtsäit vun der Äerd waren, goufe se fir Observatioune vu Galaxien an Duebelstären agesat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren