Orbiting Astronomical Observatory 3

Den Orbiting Astronomical Observatory 3 (OAO-3), och Copernicus genannt, war en amerikanesch-brittesche Weltraumteleskop fir den Ultraviolett- an de Röntgenberäich.

OAO 3

Den OAO-3 gouf vun der NASA den 21. August 1972 mat enger Atlas-Centaur-Rakéit an eng niddreg Äerdëmlafbunn bruecht. Dem Nikolaus Kopernikus zu Éiere gouf en nom Start a Copernicus Observatory ëmbenannt. Mat enger Mass vun 2,2 Tonne war en den deemools schwéierste Weltraumteleskop. Haaptinstrument war ee vum Princeton University Observatory ënner der Leedung vum Lyman Spitzer entwéckelten Ultraviolettteleskop mat 80 cm Haaptspigelduerchmiesser, kombinéiert mat ville Spektrographe fir den Ultraviolettberäich tëscht 90 an 330 nm Wellelängt. Donieft hat den OAO-3 Röntgeninstrumenter déi vum d'University College London entwéckelt gi waren.

Tëscht 1972 a Februar 1981 huet den OAO-3 Ultraviolettspektre vun am Ganze 551 Objeten, haaptsächlech hell Stären ënnersicht. D'Ultraviolettliicht gëtt deelweis duerch Gas a Stëbs tëscht Äerd a Stären opgeléist. Mat dem OAO-3 gouf dofir e bessert Versteesdemech vun der Zesummesetzung a vum Zoustand vun der interstellarer Matière gewonnen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren