Den Orbitalplang ass de Plang am Orbit vun der Ëmlafbunn vun engem Himmelskierper.

Den Orbitalplang vu groussen Himmelskierperen ass meeschtens konstant vis-à-vis vum Inertialraum vun de Fixstären. Bei Mounden a Satellitten ënnerläit en awer däitleche Bunnstéierungen duerch d'Ofplattung vum Zentralkierper.

D'Konstant vum Orbitalplang an der Bunnschréi ass nëmme ginn, wann d'Gesetzer vum Kepler ganz gëllen. Dat setzt awer genee kugelfërmeg Planéiten an d'Feele vun enger Atmosphär a vun aneren Kräfte viraus. Besonnesch bei weidere Kierper (Dräikierperproblem) ënnerläit de Bunneplang periodeschen a seculaire Verännerungen, déi bei Planéiten e puer Bousekonne pro Joer ausmaache kënnen. Bei klenge Kierper, (Asteroiden, Koméiten) a bei Mounde respektiv Satellitte reeche si vu Bouminutte pro Joer bis zu ville Grad pro Dag.

Bezuchsniveau fir d'Definitioun vun de 6 Kepler-Bunnelementer ass entweeder d'Ekliptik oder den Äerdequator. D'Orbitalpläng vun den 8 grousse Planéite stinn nëmmen 1 bis 3 Grad schréi zur Ekliptik – mat Ausnam vum Merkur mat 7 Grad.