D'Opuntia microdasys ass eng Planzenaart an der Gattung vun den Opuntien (Opuntia) aus der Famill vun de Kakteeën (Cactaceae). D'Epithète vun der Aart kënnt vun de griicheschen Adjektiven „μικρός“ (mikros) (kleng) an „δασύς“ (dasys) (mat villen Hoer).

Opuntia microdasys
Opuntia microdasys
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Caryophyllales
Famill Cactaceae
Gattung Opuntieae
Aart Opuntia microdasys
Wëssenschaftlechen Numm
Opuntia microdasys
(Lehm.) Pfeiff.

Beschreiwung änneren

D'Opuntia microdasys wiisst a Form vun engem Trausch mat villen Äscht, deen héchstens 1 m héich gëtt. D'Segmenter si längelzeg bis ronn, blatzeg-gréng a kënnen 8 bis 15 cm laang ginn. Op hinne wuesse reng Hoer. Déi opfälleg grouss a ronn Areole stinn no beieneen an hunn eng jett goldgiel oder brongelzeg Glochiden. Et ass ganz rar, datt se Dären hunn.

D'Bléié si giel an hunn e roudelzegen Toun, si kënnen en Duerchmiesser bis zu 4 cm hunn. D'Friichte si rout, a Form vun enger Bull, Früchte a vu villen Areolen bedeckt, déi dicht Glochiden droen.

Systematik a Verbreedung änneren

D'Opuntia microdasys ass virun allem an der mexikanescher Chihuahua-Wüst wäit verbreet, bis erof an de Bundesstaat Hidalgo.

D'Aart gouf ënner hirem Numm 1827 eng éischt Kéier vum Johann Georg Christian Lehmann (1792–1860) beschriwwen.[1] De Ludwig Georg Karl Pfeiffer huet se 1837 an d'Gattung Opuntia aklasséiert.[2]

Literatur änneren

  • Opuntia microdasys. In: Edward F. Anderson: The Cactus Family. Timber Press: Portland (Oregon), 2001, S. 508, ISBN 0-88192-498-9
  • Opuntia microdasys (Lehmann) Pfeiffer In: N. L. Britton, J. N. Rose: The Cactaceae. Descriptions and Illustrations of Plants of the Cactus Family. Washington, 1919, Band I, S. 120-122
  • Opuntia microdasys (Lehm.) Pfeiff. In: Curt Backeberg: Die Cactaceae: Handbuch der Kakteenkunde. 2. Auflage, 1982, Band I, S. 575, ISBN 3-437-30380-5

Um Spaweck änneren

Commons: Opuntia microdasys – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Index Seminum Hortus Hamburg. S. 16, 1827
  2. Enumeratio Diagnostica Cactearum hucusque Cognitarum . S. 154, 1837